A 5 Deeler erzielt eis de Raphaël Fiegen iwwer déi grouss Aventure vun him a sengen 10 Muppen, déi si am Februar an am Mäerz dëst Joer a Lappland haten.

Och wann dës Expeditioun gescheitert ass duerch déi verschidde Grënn, déi ech iech e bëssen erläutert hunn, war et fir mech déi schéinsten an wichtegst Expeditioun, déi ech bis elo mat menge Muppe gemaacht hunn.

RTL

Bei dësem Abenteuer hu ech souvill weider iwwert Schlittenhënn, wéi och iwwert Logistik vun enger Expeditioun geleiert, wat ech sécherlech net bereien. Haut weess ech wat ech muss änneren, fir déi nächste Kéier, wann ech an e puer Joer mat mengem neien Gespaan eng nach méi grouss Expeditioun an Ugrëff huelen wäert. De Kungsleden wäert da méi als Training geholl ginn.

RTL

Elo heescht et als éischt mol de Film vun dëser Expeditioun “op 40 Patten” fäerdeg maachen, deen am Juni an d'Kinoen wäert kommen.

Nächst Joer wäert ech dat éischt “Outdoor Camp” hei am Land opmaachen, wat sech net wäit ewech vum Ellergronn zu Esch-Uelzecht befënnt. Wou jidderee mat mengen Hënn verschidden Aktivitéite maache kann, doniewent ginn et Couren am Survival, Klammen, Geocaching, Trekking a wéi een säin Haushalt autark gestallte kann.

RTL

Déi nächst Aventure steet och rëm an den Startlächer, wou ech mat mengen 6 Hënn dann nach wëlles hunn, fir am Wanter vun Esch bis erop op Wäisswampech ze fueren. Dësen Tripp hunn ech missen virun 2 Joer duerch en Accident ënnerbriechen, wat dann am Wanter rëm an Ugrëff geholl soll ginn.

Zum Schluss wollt ech nach en besonnesche Merci souwuel un meng Famille an Frënn ewéi och u meng ganz Sponsoren a Partneren soen, ouni déi dat Ganzt ni méiglech gewiescht wär.

Villmools Merci

Raphaël