Op Bild.de huet déi däitsch Zeitung e gréissere Reportage, wisou een zu Lëtzebuerg eng perfekt kuerz Vakanz kéint maachen.

E Méindeg den Owend koum den Artikel op Bild.de online. An hei geet et net nëmmen iwwer d'Stad, mä och d'Iessen, Musel-Géigend, d'lëtzebuergesch Schwäiz an de Mëllerdall-Trail ginn extra erwähnt.

Fir de Redakter Blacky Neubauer wier et ideal, fir an der Stad unzefänken. Hei fënnt een all Natiounen erëm, et kann ee gutt Iessen, ënner anerem vill Franséisch a gutt Lëtzebuerger Kichen, de Palais besichtege goen. D'Lëtzebuerger kéinten och all Däitsch, nieft zwou anere Sproochen, wat et den Touristen einfach géif maachen.

Nom Iesse wier et dann Ideal, sech d'Kiloen an der "Wildnis" ofzetrainéieren. Dat géif gutt an der Lëtzebuerger Schwäiz oder dem 112 Kilometer laangen Mëllerdall-Trail goen. Weider fannen och d'Buergen an d'Schlässer, grad vu Veianen, extra Erwänung.

Ma och vun der Wäiregioun laanscht d'Musel a sengem Produite schéngt den Auteur vum Artikel begeeschtert gewiescht ze sinn. De Crémant vun der Musel géif gutt bei e Quetscheflued passen, sou d'Bild.

De ganzen Artikel iwwer de Grand-Duché fannt der op bild.de