FOTOGALERIE
Amsterdam a Zandvoort als Reesdestinatioun
Amsterdam a Zandvoort (NL)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi meescht vun eis passéieren dacks just um Fluchhafe Schipol, fir vun do aus da weider ronderëm d’Welt ze fléien. Ma och Amsterdam ass schéin ze kucken.
E Besuch an der 820'000 Awunner Stad lount sech och. De Buschtaf K dominéiert. K wéi Kanal, Kulturelles, Kuriéises a Kaffi-Shop. Eng gemittlech a romantesch Stad mat ville charmante Quartieren um Bord vum Waasser. De Vëlo oder den ëffentlechen Transport bréngen ee séier vun A no B. Mä och zu Fouss léisst sech Amsterdam prima erliewen.
De Christian Schmit war dëser Deeg zu Amsterdam, an hat och nach en Ofstiecher op Zandvoort gemaach. Déi hollännesch Küst läit grad mol 30 Minutte mam Zuch ewech ...
Am meeschte gelies