Da kann den "Circuit du Rocher" elo genee dat Richtegt fir Iech sinn. Fir dohin ze kommen, brauch een awer eng Grëtz méi laang wéi fir en ze goen ...

Vum Grand-Duché ass sinn et nämlech - iwwert déi franséisch Autobunnen - zimlech genee zwou Stonne fir op Dabo. Dat läit am ëstlechen Deel vum Département de la Moselle, schonn zimlech no um Elsass, deem säi Flair dann och schonn däitlech ze spieren ass: Flammküchle a Pinot noir obligent an de Restauranten!

Méi bekannt an der Géigend, dem Pays de Sarrebourg, ass sonner Zweiwel den "Plan incliné de Saint-Louis-Arzviller" - wann een esou wëll e Lift fir Schëffer den Hiwwel eropzeverfrachten ...

Op dës Sehenswierdegkeet gëtt laanscht d'Autobunn genee esou opmierksam gemaach wéi op de markante Fielse vun Dabo, deen nawell en décke Schiet gehäit, jee nodeem wéi d'Sonn steet.

RTL

© lm

664 Meter ass en héich a wien ze Fouss erop wëll, dee kann de Circuit du Rocher goen, dofir brauch ee vum Duerfkär knapp annerhallef Stonn, ofhängeg dovun, wéi séier een trëppelt (et geet zum Schluss gutt biergop) a wéi laang ee sech ënnerwee ophält, zum Beispill mat den opfällegen Fligenpilzen, den Amanites Tue-Mouches, op Lëtzebuergesch Méckekochel genannt.

Uewen op der Kopp - en humblen Entrée ass ze bezuelen! - trount eng kleng Kierch, an där hiren Tuerm ee klotere kann. Eng enk, ma flott Experienz an uewen huet een dann eng Panorama-Vue. Do kann et zerguttstert blosen!

Schued just, datt de Restaurant uewen nach ëmmer zou ass, zanter datt en Affer vun engem Feier ginn ass.

RTL

Dabo, kloer, ass natierlech net just den Numm vun deem klengen Duerf mat ronn 2.600 Awunner, et bezeechent och een ... Dëlpes. (De Lëtzebuerger Online Dictionnaire gëtt als Synonymen ënnert anerem Blani, Blödian, Dräibiz, Eefalt, Hännes, Klautjen an Topert un.) Ausserdeem gëtt et dabozeg an Dabozegkeet.

Dës Bedeitung huet d'Wuert Dabo awer net just bei eis, ma och bei eise franséischen Noperen, also am Francique. Op Wikipedia ass nozeliesen:

Pour le terme péjoratif, il désigne aussi bien en francique-luxembourgeois qu'en lorrain-roman un souffre-douleur, un niais ou encore un imbécile.

Och méi nërdlech vun Dabo, an de Nord-Vogesen (jo, esou eppes gëtt et), ginn et schéi Randonnéeën, z.B. bei Bitche.

Belle Promenade!