Éischten Trailer - 9. Dezember ass d'Première vum Film
VIDEO: Op 40 Patten Trailer
Et war eng haart Expeditioun fir de Raphaël Fiegen a seng Muppen, déi déi 500 Kilometer net a Lappland net ganz gepackt haten.
Vum 22. Februar bis den 11 Mäerz sollt d'Expeditioun goen, 500 Kilometer duerch Lappland ware geplangt. Et war eng laang a schwéier Aventure, déi et net ganz bis un de Schluss gepackt huet, well de Raphaël Fiegen d'Liewen an d'Gesondheet vu senge Muppen net op d'Spill setze wollt.
Am Mee a Juni dunn huet de Raphaël an engem klenge Block op RTL.lu de Lieser erkläert a gewisen, wéi ee sech op esou eng Expeditioun muss virbereeden a wat déi schwéier an déi schéi Säiten dobäi waren.
RTL.lu: D'Expeditioun op 40 Patten - Virstellung vun de Persounen an de Muppen
Begleet gouf de Raphaël Fiegen bei senger Expeditioun vum Belschen Abenteurer Bert Poffé an dem Cineast Romain Gierenz. Hien huet déi zwee Männer an déi 10 Muppen a Lappland begleet, fir dono e Film iwwer hir Aventure maachen ze kënnen. Dëse feiert den 9. Dezember am Cinebalval um 19h30 seng Première.
De Film kann een awer schonn als DVD oder Blue-Ray virbestellen.
Weider Informatioune ginn et op der Facebooksäit vun "Op 40 Patten".
VIDEO: Op 40 Patten Teaser
RTL.lu: Deel 1 - Sech a seng Equipe op déi grouss Aventure preparéieren
RTL.lu: Deel 2 - 3.000 Kilometer mam Auto mat den Hënn
RTL.lu: Deel 3 - Schwieregkeete vun der Expeditioun
RTl.lu: Deel 4 - Déi schéi Momenter vun der Expeditioun
RTL.lu: Deel 5 - E Réckbléck op d'Expeditioun an en Ausbléck an d'Zukunft