D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Pilo Fonck ass eng Legend ënnert de Lëtzebuerger Sportreporter. Seng markant Stëmm a seng spatz Remarke bleiwen engem am Ouer. Seng éischt Léift am Sport gehéiert dem Futtball, als Aktiven zu Käerjeng vun 1955 un. Duerno koum den Dëschtennis, wou hie vun 1976-1981 President um Houwald war, ouni de Vëlo ze vergiessen. Eleng 29 Mol huet de Pilo fir RTL den Tour de France kommentéiert. Am Gespréich mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten geet et och ëm d'Olympesch Spiller, wéi e Merite hien um Sportlycée huet a firwat et hien ni an d'Politik gezunn huet?

Um Piano: Den Erny Delosch.

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL