RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Frank Engel
© Patrick Greis
Hie léisst näischt ubrennen, schéisst och alt emol iwwer d'Zil an huet kee Problem mat sengem Image.
No der 'Gréng Alternativ Partei' an der CSV ass de Frank Engel mat 'Fokus' elo Member an der drëtter Partei.
Am 'Café des artistes' am Gronn interesséieren den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech fir seng Bomi an alles wat hien als Kand gestiicht huet. Mir gi gewuer, firwat hien net Paschtouer ginn ass, dass Begriefnisser wichteg si fir Stëmmen ze fänken, an dass hien dem Grand-Duc Jean ëmmer Witzer verzielt huet. An de Politiker gëtt zou, dass hien eppes bereit.
Piano: Marc Schmidt








LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.