De Guy Daleiden steet zanter 1999 un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Filmfong.

Et ass een gewinnt hien op de rouden Teppecher bei grousse Filmfestivallen zu Berlin, Cannes oder Venedeg ze gesinn. Penibel Momenter gouf et awer schonn genuch.

Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass hie bei den Oscaren um Rack vum Glenn Close stoung, bei enger Projektioun zu Venedeg keng Plaz méi fir d'Éieregäscht war, an dass hie fir e Film vum Andy Bausch en Transvestit gespillt huet.

Um Piano: De Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.