De Nicki Feierstein ass e pensionéierten Professer a fréiere President vun den "Amateurs Astronomes".

Am Café des artistes verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi hien zu där seelener Éier op deem Posten koum. Mir gi gewuer, dass de grousse Bier weiblech ass, dass hien net un Horoskoper gleeft an näischt dovunner hält, wann een engem e Stär schenkt.

Hien zielt, firwat hien no engem Experiment vill Mëllech gedronk huet, wéi hien op der Arbed mat engem Hummer a Liewesgefor gerode war a firwat se nach bis haut an der Handwierkerschoul vum "Feierstein-Versuch" schwätzen. 
Um Piano: De Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.