De President vun der Horesca, Alain Rix, erënnert u seng Zäit am Internat, wou hien e Lavabo an d'Luucht gesprengt hat.

De Politiker a fréieren Animateur vu Radio an Tëlee Felix Eischen zielt wéi hie bei RTL koum a wéi hie spéider an d'Politik gerutscht ass. Am Café des artistes ginn den Dan Spogen, de Raoul Roos an de Mike Fandel gewuer, dass hie virun der Kamera am däitschen "Frühstücksfernsehen" Skimoud vum Rosi Mittermaier virgefouert huet. Mir héieren, wéi hien dem Grand-Duc Henri gehollef huet, bei deem senger éischter Usproch fir Chrëschtdag a wéi duerno am Palais gutt gefeiert gouf. Et geet och ëm den Depart vum Tour de France zu Lëtzebuerg, wou hie mam Marcel Gilles déi längst Sportemissioun op der Televisioun gemaach huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.