Op der Chrëschtdagsfeier vum Schengen-Lycée hunn d'Schüler op hire Stänn fläisseg verkaaft an konnten esou eng 3.000 Euro u Spende sammelen.

E Freideg goufen d'Spenden elo vu Membere vun der Direktioun, dem Fërderveräin an de Schülervertrieder un d'Rezipienten iwwerreecht. D'"Tafel Merzig" an de Veräin "Een Häerz fir Kriibskrank Kanner" krute jeeweils d'Zomm vun 1.500 Euro iwwerreecht.