D’Mataarbechter vun adVeci Advisors, eng Firma déi personaliséiert Léisungen am Beräich vun der Personalberodung ubitt, hunn hir Solidaritéit mat Kriibspatiente gewisen, andeems si Spenden zu Gonschte vun der Fondation Cancer gesammelt hunn.

Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 2.200 € iwwerreecht ginn. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegten, wärend der Scheckiwwerreechung, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d'Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.