Keller Williams Select Luxembourg1.418,46 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Den 9. Juni, wärend engem Solidaritéitsdag, hunn d’Mataarbechter vu Keller Williams Select Luxembourg eng Spendenaktioun an der Stad Lëtzebuerg zu Gonschte vun der Fondation Cancer organiséiert.
© Fondation Cancer

Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 1.418,16 € iwwerreecht ginn. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegten, wärend der Scheckiwwerreechung, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO