Och zu Lëtzebuerg gouf eng Demo géint d'EU-Reform organiséiert
A ganz Europa gi Manifestatioune géint déi geplangten EU-Reform vum Droit d'Auteur de Weekend organiséiert.
E Samschdeg hu sech déi verschidde Memberen aus der Politik a vum Online-Liewen zu Lëtzebuerg versammelt, dat als Protest géint de sougenannten "Artikel 13".
D’Artikelen 11 an 13 bréngen eng Zensur, dat sot de Sam Grüneisen vun der Associatioun "Chaos Computer Club" de Samschdeg de Mëtten op der Maniff géint d'Copyright-Direktiv vun der EU. Ronn 100 Leit hunn op der Place de l'Europe manifestéiert, och Jugendparteien hate mobiliséiert.
D'Artikele stellen d’Verlinke vu Presseartikelen a Fro, dernieft kéinten Uploadfilteren d’Meenungsfräiheet am Netz a Gefor bréngen.
Online-Plattforme musse scho beim Eropluede vu Contenu sécherstellen, datt keng protegéiert Wierker am Netz landen. Als Konsequenz gi strikt Filtere gefaart.
D’Associatiounen, déi d'Auteure vertrieden hu sech och ze Wuert gemellt. Si hoffen, datt mat där neier Direktiv méi fair Remuneratioune kommen an datt manner Wierker piratéiert ginn. Et gëtt en Opruff gemaach, fir fir d’Direktiv ze stëmmen.
Zum Schluss vum Mount muss déi europäesch Reform vum Droit d'Auteur vum EU-Parlament ofgestëmmt ginn. Een Accord gouf tëscht Kommissioun, Parlament a Conseil fonnt an awer sinn nach ganz vill Leit géint dës Decisioun virun allem géint den Artikel 13.
Grouss Plattforme si responsabel fir de Contenu, déi se publizéieren a musse Lizenze bezuelen oder automatesch Filteren installéieren.
Fir d'Organisateure vun der Demo wier deemno den Internet "a Gefor". Op der Facebook Säit vum Event schwätze se vun engem "massive Widderstand vun der Populatioun, awer och am europäesche Parlament".
"Meenungsfräiheet, Konscht a Press kéinten duerch dës nei Moossnamen a Gefor sinn", esou Acteure vum Liewen um Netz, nodeems en Donneschdeg zum Beispill Wikipedia Däitschland gestreikt huet.
A ganz Europa ginn esou Protestaktiounen organiséiert, zum Beispill zu Berlin sinn dausende Leit op d'Strooss gaangen.
