D'Luxembourg Tech School lancéiert elo säin LTSOnline-Programm: Déi éischt Offer ass ee Cours iwwer Spillentwécklung, dee 4 Wochen laang dauert.

Dëse Game Dev Challenge ass oppe fir Schüler tëscht 14 an 20 Joer vu Lëtzebuerg oder aus der Groussregioun. Dat Ganzt ass och un ee Concours gekoppelt.

Interesséiert Leit fannen hei Informatiounen

Méi spéit ginn et och Online-Klassen iwwer kreatiivt Programméiere fir Jonker tëscht 11 a 14 Joer.