D'Frequenze si verginn. Domadder kann och Lëtzebuerg ufänken, e 5G-Netz opzebauen.

Also eng ganz nei Etapp an der digitaler Vernetzung. En Dënschdeg am Journal si mer schonn zum Deel op d'Changementer agaangen.

D'Fro ass, ass 5G geféierlech oder esouguer schiedlech? Mat der Annonce vu ville 5G-Antenne sinn d'Bedenke geklommen. D'Hannerfroe beim Thema Sécherheet a Gesondheet ass op alle Fall berechtegt. Mir hu mir mam Direkter vun der POST Telecom, dem Cliff Konsbruck, iwwert Bedenken a Suerge fir d'Gesondheet duerch d'Stralebelaaschtung vun dëser neier Technologie geschwat.

De kompletten Interview fannt Dir am Video.

D'Demande ass grouss fir de 5G, virun allem am Beräich vun der Industrie. En enormen Drock fir d'Operateuren uechter Europa, wann eng séier Aféierung vum neien Telekommunikatiounsstandard muss Versprach ginn. De wichtegste Fournisseur fir Technologie weltwäit ass de chinesesche Konzern Huawei. Ma dee steet zanter Méint am Fokus vun enger hëtzeger Debatt.

Mike Pompeo, US. Secretary of State: „Et ass e Risiko fir d'Sécherheet. Et geet net ëm kommerziell Interessien, mä ëm eis Donnéeën."

Oliver Dowden, British Digital, Culture & Media Secretary: „De beschte Wee, eis Reseauen ze sécheren, ass fir d'Operateuren opzehalen, Material vu Huawei a Groussbritannien ze benotzen."

Gefaart gëtt de Risk, datt Informatioune vu Clienten duerch e méiglecht Lach an der Sécherheet vum Reseau a Richtung China kéinte goen. Regierungen uechter d'Welt fäerte Spionage.

Nieft der Sécherheet vun den Donnéeë bleift den Impakt op d'Gesondheet an d'Ëmwelt a verschidde Kreesser staark ëmstridden. Esou och beim Kollektiv „STOP 5G".

Et wënscht ee sech virun allem e méi groussen Debat a méi Informatiounen iwwert déi zukünfteg Technologie zu Lëtzebuerg. Och eng Petitioun vum Kollektiv gouf am Juni fir eng Sessioun an der Chamber validéiert.