Am Juli 2020 war den Nasa-Rover "Perseverance" vu Cape Canaveral aus zu senger Missioun an de Weltraum gestart.

No ronn sechs Méint Fluchzäit ass den Nasa-Rover "Perseverance" en Donneschdeg den Owend erfollegräich um Mars gelant. Wéi d'Nasa kuerz drop matgedeelt huet, ass bei der Landung alles wéi geplangt gelaf.

Den High-Tech-Apparat soll fir e puer Joer um Roude Planéit bleiwen an no Spuere vu fréierem mikrobielle Liewe sichen. Donieft soll en och d'Klima an d'Geologie vum Planéit ënnersichen.

De Rover huet een zwee Meter laange Roboteraarm, 19 Kameraen an zwee Mikroen. Donieft huet de "Perseverance" den ultraliichte Mini-Helikopter "Ingenuity" op de Mars bruecht, deen als éischte Fluchapparat op engem frieme Planéit fléie soll.