De KI-Chatbot vu Meta steet wéinst ëmstriddene Richtlinnen an der Kritik. An den USA wëll een elo dogéint virgoen.

No Berichter iwwer presuméiert erlaabt "romantesch" a "sënnlech" Gespréicher vum KI-Chatbot vu Meta mat Mannerjäregen huet en US-Senateur Ermëttlunge géint d'Facebook-Mammegesellschaft annoncéiert. De republikanesche Senateur Josh Hawley huet e Freideg erkläert, datt ee géing Iwwerpréiwen ob KI-Produite vu Meta "d'Ausbeutung, d'Täuschung oder aner kriminell Handlunge géintiwwer Kanner erméiglechen".

Den Hawley huet e Schreiwes un de Meta-Chef Mark Zuckerberg verëffentlecht. An dësem fuerdert hien d'Oppeleeë vun de kompletten Dokumenter a Messagen am Zesummenhang mat der Affär. Meta gouf opgefuerdert, all relevant Ënnerlagen ze halen a se bis den 19. September dem Kongress virzeleeën.

De Senateur aus Missouri huet a sengem Schreiwes och ee Beispill genannt. An dësem hat de KI-Chatbot vu Meta de Kierper vun engem aacht Joer ale Kand als "Konschtwierk" an "e Schatz, deen ech zudéifst veréieren" bezeechent.

E Meta-Spriecher huet der Noriichtenagence AFP e Freideg an dësem Zesummenhang erkläert: "Mir hu Reegelen, wéi eng Zort Äntwerte KI-Charakteren dierfe ginn, an dës Reegele verbidden Inhalter, déi Kanner sexualiséieren, wéi och sexualiséiert Rollespiller tëscht Erwuessenen a Mannerjäregen".

Internen Dokumenter no hat Meta awer sengem KI-Chatbot zäitweis grouss Fräiheeten am Ëmgang mat Kanner ginn. Dat geet aus interne Richtlinnen ervir, déi der Noriichtenagence Reuters virleien. Deemno dierft déi Kënschtlech Intelligenz "Kanner a romantesch oder sënnlech Gespréicher entwéckelen" an donieft falsch Informatiounen a rassistesch Stereotyppe verbreeden.