KI op "Doktorsniveau"? ChatGPT-5 soll et méiglech maachen

© Photo by YUICHI YAMAZAKI / AFP
Méi séier, méi präzis a méi kompetent wéi jee: mat ChatGPT-5 probéiert OpenAI, nei Moossstief an der Kënschtlecher Intelligenz ze setzen.
Am weltwäite Rennen ëm d'féierend Positioun am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) huet den US-Pionéier OpenAI eng nei Versioun vu sengem Chatbot erausbruecht. ChatGPT-5 soll nach méi séier sinn an nach besser mat Mënsche kommunizéieren, huet OpenAI en Donneschdeg lokaler Zäit zu San Francisco matgedeelt.
De Firmechef Sam Altman huet trotzdeem zouginn, datt nach vill Aarbecht néideg wier, fir KI wierklech mat mënschlecher Intelligenz vergläichen ze kënnen.
Den Altman sot, bei ChatGPT-4 haten d'Benotzer d'Gefill, "mat engem Uni-Student ze schwätzen". ChatGPT-5 géif elo wéi en "Expert op Doktorsniveau" interagéieren.
Den neien Chatbot selwer äntwert op d'Fro no de Verbesserungen, d'Genauegkeet an d'Koherenz vu senge Reaktiounen hätte sech verbessert. "Besonnesch bei méi komplexen Aufgaben – wéi Logik, Mathematik, Programméierung – liwwert GPT-5 besser a méi präzis Resultater", heescht et.
Déi nei Versioun kann Text, Biller, Toun an och Video an enger eenzeger Konversatioun verschaffen – ouni tëschent verschiddene Modusse mussen ze wiesselen.
Och de "laangfristege Verhalt" vun der Uwendung soll verbessert gi sinn. Den Altman sot, mat ChatGPT-5 kéinte Benotzer nach méi einfach Software-Programmer schreiwen, zum Beispill fir eng Sprooch ze léieren.
D'Basisversioun ass no Informatioune vun OpenAI gratis. Dat gëllt awer nëmme fir eng limitéiert Unzuel u Benotzungen. No eegene Quelle benotzen aktuell bal 700 Millioune Mënschen ChatGPT pro Woch.
OpenAI no wier och d'Sécherheet bei der neier Versioun vun ChatGPT verbessert ginn. Den Alex Beutel, Chef vun der Sécherheetsfuerschung bei OpenAI, sot, ChatGPT-5 wier drop trainéiert ginn, seng Äntwerten ze limitéieren, wann hannert enger Fro e méigleche kriminellen Hannergrond ze erkennen ass – an nëmmen allgemeng Informatiounen ze ginn, déi kee Schued kënne verursaachen.
An engem Blog huet de brittesche KI-Expert Simon Willison no zwou Wochen teste geschriwwen, déi nei Versioun géif sech net wéi en "dramatesche Sprong" am Verglach mat anere KI-Systemer ufillen. Mä "si straalt Kompetenz aus" – se géif seele Feeler maachen "an dacks beandrockt si mech".
De KI-Rival Elon Musk sot op senger Plattform X, datt säin Chatbot – genannt Grok 4 Heavy – wier méi intelligent wéi ChatGPT. Zanter dem Start vun ChatGPT Enn 2022 hu grouss Technologie-Entreprisen ewéi Amazon, Google, Meta, Microsoft an och dem Musk säin xAI Milliarde vun Dollar an d'Entwécklung vu KI investéiert.
En Chatbot ass e Programm, mat deem Benotzer um Computer oder um Handy kënne schreiwen oder schwätzen, an deen an e puer Sekonnen Äntwerte gëtt. Géigner kritiséieren awer nach ëmmer d'Zuel u falschen oder irrelevanten Äntwerten – déi sougenannten Halluzinatiounen.
Enn Januar hat d'Presentatioun vum chineesesche KI-Programm Deepseek Drock op déi virdru féierend US-Firmen ausgeüübt. Dëse mat vill méi wéineg Budget a méi bëllege Computer-Chippen entwéckelt, mee ass trotzdeem héich performant, sou seng Entwéckler.
OpenAI gouf 2015 – deemools mat der Bäihëllef vum Musk – als ASBL gegrënnt. Fir Investisseuren unzezéien, gouf spéider eng duebel Struktur opgebaut: d'Daachorganisatioun vun OpenAI bleift net-kommerziell, huet awer duerfir eng Profit-orientéiert Duechtergesellschaft.
Den Altman wollt laang Zäit OpenAI ganz an eng kommerziell Firma ëmwandelen. Ma am Mee huet hien erkläert, OpenAI hätt dee Plang opginn, an d’Daachorganisatioun vum Chatbot-Entwéckler géif hire Status als net-kommerziell Organisatioun bäibehalen.