Desinformatioun, Drogen, Waffen a gefälschte Pabeieren. Nieft normaler Kommunikatioun lafen op Telegram och vill illegal Geschäfter.

Telegram ass e Messengerdéngscht, deen 2013 vun de russesche Bridder Nikolai a Pawel Durow gegrënnt gouf. Déi zwee hunn Telegram entwéckelt, mam Zil, e verschlësselte Kommunikatiounsdéngscht ze proposéieren, wou d'Notzer hir Meenung fräi äusseren dierfen. Den Déngscht sollt einfach, sécher a gratis sinn. Sou huet de Pawel Durrow sech ëmmer geweigert, staatlechen Institutiounen en Abléck an d'Chatte vu sengem Kommunikatiounsdéngscht ze ginn.

De Messengerdéngscht funktionéiert relativ änlech wéi Whatsapp. D'Noriichten als Text, Bild oder Sproochnoriicht gi beim Verschécke komplett verschlësselt, wat et Leit vun ausserhalb theoretesch net erméiglecht, d'Noriicht ofzefänken an ze liesen. An awer ginn et kloer Ënnerscheeder tëscht Telegram an anere soziale Reseauen. Op Facebook, Twitter, Instagram & Co ginn et kloer Richtlinnen a Reegelen. Sou gi Mordmenacen, radikal Aussoen a souguer Beleidegunge vun dësen Déngschter dacks séier geläscht. Och ginn op dëse Reseaue vill Donnéeë vun de Notzer gespäichert, sou dass illegal Aktiounen éischter manner ze fanne sinn.

Ma op Telegram ass dat e bëssen anescht. D'Applikatioun, déi weltwäit ronn 500 Milliounen Notzer huet, gëtt quasi net kontrolléiert a bitt sengen Notzer immens vill Anonymitéit. Schonn zënter Joren ass dës Plattform bei rietsextreme Gruppe beléift. Wärend der Pandemie hunn dunn awer ëmmer méi Querdenker, Verschwörungstheoretiker an aner Leit, déi sech op de bekannte soziale Reseauen zenséiert gefillt hunn, de Wee op Telegram fonnt. Telegram gouf als Plattform bekannt, wou Meenungen an Informatioune respektiv Desinformatioune kënne gedeelt ginn, déi op Facebook a Co net méi toleréiert ginn . An dat huet seng Konsequenzen.

Op Telegram kritt ee quasi alles ze kafen

Wien e bësse sicht, kann op Telegram sou gutt wéi alles fannen, ob Drogen, Waffen oder gefälschte Pabeieren. Et kritt een hei Saachen ze kafen, déi dem Gesetz no net erlaabt sinn an dat fënnt ee souwuel an internationale wéi och a lëtzebuergesche Gruppen.

An dësem Grupp kann een zum Beispill gefälschte Pabeieren a Kaarte kafen.

Déi Leit, déi sech hei e Führerschäi maache loossen, kréien da souguer per Video en "How to", wéi een Auto fiert.

RTL

© Screenshot vun Telegram

Ma net nëmme fonkelnei Pabeiere kann een hei anscheinend ouni Problem kafen. Och Waffen an Droge sinn an ëffentleche Gruppe mat dausende Memberen ze kréien. Affären, déi ee fréier éischter aus dem Dark Web kannt huet.

"Den Dark Web ass nach ëmmer do, mee d'Kommunikatioun verännert a verlagert sech. Am Dark Web goufe Razzie gemaach an och eng Partie Plattforme gestoppt. Doduerch huet d'Saach sech e bësse geännert. Elo sinn d'Leit eben op Telegram ënnerwee, well dat och méi einfach ass fir den Notzer. Et muss ee sech just d'App installéieren a fäerdeg ass et. Fir an den Dark Web ze kommen, muss ee schonn e bësse méi Anung hunn. Do kënnt een net einfach sou eran", sou d'Explikatioune vum Dennis Fink vum Chaos Computer Club.

De legale Kommunikatiounsdéngscht mat illegalem Inhalt?

"Et ass eng App esou zimmlech ouni Grenzen. D'App-Bedreiwer maachen u sech guer näischt. Dat mécht et méiglech, esou Saachen op enger ëffentlecher Plattform ze fannen", erkläert den Dennis Fink vum Chaos Computer Club.

Op Facebook zum Beispill gëtt scho vun hinnen aus vill kontrolléiert. Ausserdeem kann een hei alles mellen, vill ënnerschiddlech Grënn fir d'Mellen uginn an dëst gëtt an der Reegel innerhalb vun 1-2 Deeg vu Facebook iwwerpréift.

Telegram ass do däitlech méi labber. Bei hinnen um Site schreiwe si selwer, dass bei hinnen eng fräi Meenungsäusserung Prioritéit huet. Privat Chatte kontrolléiere si net. Hei en Ausschnëtt vun hirer Internetsäit:

"Alle Telegram- und Gruppenchats sind die Privatsache der jeweiligen Nutzer. Wir bearbeiten keine diesbezüglichen Anfragen. Sticker-Pakete, Kanäle und Bots sind öffentlich zugänglich. Wenn du Inhalte finden solltest, die du als illegal betrachtest, kontaktiere uns bitte per E-Mail an abuse@telegram.org."

Doduerch, dass hei keng Kontroll ass, ass et och schwéier Bedruch vis-à-vis vun den Notzer vun allgemeng illegalen Aktiounen ze ënnerscheeden. D'Grenz ass hei immens schwammeg, sou de Chaos Computer Club. Am Beispill  vum Verkaf vu gefälschte Pabeiere ginn et dann zwou Aarte vu Bedruch:

1. Bedruch vis-à-vis vum Notzer: Den Notzer wëll e gefälschte Pass kafen a muss en Deel vun de Sue virstrecken. Den Notzer ass op de Bedruch eragefall, huet Sue verluer a kritt kee Pass.

2. Bedruch vis-à-vis vum Gesetz: Den Notzer bezilt fir e Pass a kritt e gefälschte Pass. Den Notzer an d'Persoun, déi d'Pabeiere gefälscht huet, maache sech strofbar, well d'Fälschung vu Pabeieren illegal ass.

An Däitschland versiche Politiker schonn zanter e puer Méint géint Telegram virzegoen, well Haass a Mordmenacen hei ouni Aschränkung verbreet ginn. A China an am Iran ass de Kommunikatiounsdéngscht iwwerdeems schonn zënter e puer Joer verbueden.