A senger Carte blanche mécht sech de Marc  Glesener,  Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, Gedanken iwwer d’Coronakris. A seet einfach Merci. 

Erlaabt mer, an dëser Krisesituatioun einfach esou aus dem Bauch eraus e puer perséinlech Messagë lass ze ginn.

Als éischt e Merci: un all déi Leit – Medezinner, Soignanten, Logistiker an anerer méi, déi zanter Wochen elo méi ewéi hiert Bescht ginn, fir dat Kranker kënne behandelt a gefleegt ginn.

Merci och un eng Ministesch, déi nei am Amt ass, an einfach e gudde Job mécht. Dëst zesumme mam Premier, deen als Krisemanager krisefest ass.

Merci och un all déi Leit, déi sech un d’Consignen halen an doheem bleiwen.

Erlaabt mer dann och e puer méi kritesch Gedanken am Kontext vun der Covid-19-Kris.

Eng Nouvelle ass mer do regelrecht an d’Ae gesprongen : Den Elon Musk, dee vun Tesla, huet Ufank lescht Woch houfreg getwittert, hien hätt genee 1.255 Beootmungsgeräter a China bestallt a kuerz drop kritt.

Wéi ass et méiglech, dat e Geschäftsmann einfach esou quasi iwwer Nuecht dat fäerdegbréngt, wat ganz Staaten oder Staategemeinschaften net hikréien?

A propos Staategemeinschaft: Europa huet an dëser Kris net grad geglänzt. Et huet ee kaum eppes  a wann, dann net vill Konkretes vu Bréissel héieren.

Konklusioune ginn natierlech no der Kris gezunn. Elo geet et dorëms, derduerchzekommen.

Fakt ass, dat ee sech duerno eescht Gedanken doriwwer muss maachen, wou de reelle Pouvoir läit a wien op wat fir eng Manéier am Interessi vun de Mënschen, vun der Allgemengheet Decisiounsgewalt an den néidege Power huet, och a besonnesch dee finanziellen.

Wann Entrepreneure wéi den Tesla-Chef -  an anerer - méi ze soen hunn, ewéi Regierungen, ass dat net akzeptabel.

Wann eng EU ne opgestallt ass, militäresch a medezinesch séier Hëllef an Aktioun op d'Been ze kréien, ass dat voll krass.

Mais dozou méi no der Kris.

Elo stinn déi am Mëttelpunkt, déi un der Front Liewe retten.

Hinnen nach emol e grousse Merci.