44 Millioune fir Bicher

Wann et ëm d’Wäertschätzung vum Buch geet, sollt sech Lëtzebuerg e Beispill un Dänemark huelen, seet d'Schrëftstellerin Elise Schmit.
Den dänesche Kulturminister huet Enn August annoncéiert, dass Dänemark d’TVA op de Bicher wäert ofschafen (1). Dozou muss ee wëssen, dass déi mat 25 Prozent bis elo immens héich war. Zu Lëtzebuerg läit se den Ament bei just 3 Prozent. An awer: Vu 25 Prozent direkt erof op Null, dat ass e staarkt Signal fir de Wäert vum Buch. Ausléiser vun deem radikale Schrëtt waren d’Resultater beim PISA-Test. Do gouf festgestallt, dass ronn e Véierel vun de 15-Järegen an Dänemark och einfach Texter net méi richteg verstinn (2). Ma déi dänesch Approche geet zwar vun de Lieskompetenze bei de Jonken aus, mee tippt de Probleem net einfach bei de Schoulen of, wéi wann de Rescht vun der Gesellschaft punkto Bildung a kulturell Participatioun net méi ze rette wär.
Déi dänesch Regierung huet also net gesot: Déi Jonk kënnen net méi richteg liesen, lo mussen d’Schoule de Kanner nees méi Bildung antriichteren. Well dat ass jo dat Gelungent: Vun alle Bevëlkerungsgruppe gëtt et keng, déi méi mat Bicher an Texter konfrontéiert gëtt, wéi Kanner a Jonker, déi an d’Schoul ginn. Si liese souzesoen all Dag; si hu guer keng aner Wiel. De wierkleche Problem entsteet eréischt, wann et kee Kader méi gëtt, an deem Zäit a Méiglechkeet fir ze liese virgesi sinn, also wann d’Leit erwuesse sinn an hir Zäit selwer musse geréieren.
An et läit net nëmmen um Handy. Rezent huet eng Etude erausfonnt, dass den Taux vu Leit an Amerika, déi an hirer Fräizäit liesen, an deene leschten zwanzeg Joer vun 28 op just 16 Prozent gefall ass (3). Grënn dofir sinn, nieft dem digitale Konsum, den Zougang zur Lecture, feelend finanziell Mëttelen an dass et méi Leit gëtt, déi sou vill musse schaffen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen, dass se einfach manner Fräizäit hunn, an där se kéinte liesen. Et brauch ee sech näischt virzemaachen, et geet natierlech net duer, dass d’Bicher manner kaschten, fir dass d’Leit méi liesen. Ëmmerhin huet déi dänesch Regierung verstanen, dass een d’Participatioun un der kultureller Offer muss am grousse Stil erméiglechen. Den dänesche Staat verzicht dofir elo all Joer op ëmgerechent 44 Milliounen Euro, an engem Land mat just 6 Milliounen Awunner. Dat ass enorm. Et misst ee sech emol virstellen, de lëtzebuergesche Staat géif all Joer en Zéngtel vun där Zomm esou direkt an de Buchsecteur an an d’Liesfërderung investéieren (4). Null Prozent TVA op de Bicher: Amplaz Jonke mam alljärleche Schoulbuchcadeau ze suggeréieren, Bicher wären e Wegwerfobjet, wär dat vläicht och fir Lëtzebuerg déi méi schlau Strategie.
(1) Gabriela Pomeroy: “Denmark scraps book tax to fight ‘reading crisis’. BBC, 20.08.2025.
(2) Niewebäi gesot: Mir wëssen net, wéi vill et der zu Lëtzebuerg sinn, well Lëtzebuerg beim leschte PISA-Test net matgemaach huet.
(3) Benjamin Lee: “Deeply concerning’: reading for fun in the US has fallen by 40 %, new study says.” The Guardian, 20.08.2025.
(4) Zu Lëtzebuerg kann ee fir näischt Bicher an der Bibliothéik léinen. Dat ass och an Dänemark de Fall. D’Schoulbicher sinn zu Lëtzebuerg zwar geschenkt, mee déi Moossnam dréit net dozou bäi, datt méi Bicher gelies ginn, well d’Schoulkanner d’Bicher och misste liesen, wann se se selwer géife kafen.