Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert ee Gesetz, dat déi betraffen Organisatioune mat zimmlech gemëschte Gefiller opgeholl hunn.

Carte Blanche vum Richard Graf

D'nächst Woch ass et esouwäit, dann trëtt dat neit Asbl-Gesetz definitiv a Kraaft, och fir déi Organisatiounen, déi hir Statuten nach net ugepasst hunn.

Virum Summer 2023 hat d'Koalitioun aus DP, LSAP an déi Gréng ee vun hire leschte Gesetzesprojeten zur Ofstëmmung bruecht, deen op ee breede politesche Konsens an der Chamber gestouss ass. Nodeems een éischte Reformversuch aus dem Joer 2009 vum deemolege Justizminister Luc Frieden am Tirang verschwonne war, gouf matten an de Corona-Joren dëse Gesetzesprojet 6054 reaktivéiert. Net onbedéngt aus Begeeschterung, mee éischter well de GAFI, also déi international Organisatioun, déi d'Wäisswäsche vu Sue soll bekämpfen, sech ëmmer nees beklot huet, datt eis Gesetzgebung a Saachen “Associations sans but lucratifs“ Lacunne géing opweisen. 2021 gouf dunn decidéiert, zumindest gudde Wëllen ze weisen.

Amplaz bei Null unzefänken, huet d'Justizministesch Sam Tanson Amendementer zum Projet de loi vum Luc Frieden abruecht. Dobäi goufen och eng ganz Rëtsch Kriticke vun der Zivilgesellschaft vun 2009 berécksiichtegt, d'Grondstruktur an d'Ausriichtung allerdéngs kaum verännert. D'Amendementer goufen awer aus Zäitgrënn an am Kontext vun de Corona-Mesüren deposéiert, ouni datt si virdru mat den Acteuren aus der Zivilgesellschaft diskutéiert gi waren.

No iwwer enger Dose Joren hat sech d'Funktionéiere vun den zivilgesellschaftlechen Organisatiounen awer staark gewandelt. D'Verwaltungsorganer – zum Beispill – sollen zwar „kollegial“ decidéieren, musse sech awer komplizéierte Reegelen ënnerwerfen. Sou musse Sitzungen 8 Deeg am Viraus convoquéiert ginn. Dertëschent kënnen Decisiounen zwar och schrëftlech geholl ginn, allerdéngs muss dann all Member vum CA unanime zoustëmmen, och déi, déi net erreechbar sinn. Domadder gi wichteg Decisioune blockéiert, och wann eng grouss Drénglechkeet besteet.

Grad de Fall Caritas weist, datt schwéierfälleg Verwaltungsréit dem rapiden Alldag kaum nokommen an esou Feeler maachen.

Op der aner Säit liest sech dat neit Gesetz a groussen Deeler wéi ee copy-paste aus dem Gesetz vun de kommerziellen Entreprisë mat Prozeduren, déi am Kontext vun de Veräiner einfach net passen. Wéinst Corona ass et dunn och net zu Entrevuë mat der Chamber komm. De Wonsch vu groussen Deeler vun der Zivilgesellschaft, ee komplett neien Usaz ze sichen ass net an Erfëllung gaangen.

Matt Spannung gëtt dann elo drop gewaart, wéi vill vun deene schätzungsweis 8.000 Asblen de Wee vun der Statutenännerung fristgerecht gepackt hunn, wéi vill aus Frust d'Handduch geworf hunn a wéi vill ouni Statutenännerung elo wäerten an engem juristesche Vide liewen, well d'Banken an zumindest ëffentlech Geldgeber all Zesummenaarbecht astelle mussen.