Bäcker, hal däi Bak a bak däi Brout

© RTL Grafik
Firwat soll de Schouschter iwwerhaapt bei senge Leeschte bleiwen? Soll jidderee just a sengem Beräich bleiwen? Soll ee sech also och net zu Wuert melle bei Saachen, déi een u sech näischt uginn? Déi Froe stellt sech de Serge Tonnar a senger Carte Blanche -a gëtt domadder jo schonn d'Äntwert.
"Sänger, bleif bei denge Lidder!". Dat ass nach eng vun den héifleche Formulatioune mat deenen een als Museker systematesch op d'Plaz gesat gëtt, wann ee sech an der Ëffentlechkeet kritesch zu gesellschaftlechen Themen zu Wuert mellt. Firwat iwwerhaapt? Ass een als Museker oder als Kënschtler kee volle Bierger, däerf een net aktiv un der Gesellschaft matwierken? Firwat soll de Schouschter nëmme bei senge Leeschte bleiwen? Wann dat sou wär, dann dierft jo jidderee just nach an deem spezielle Beräich matschwätzen, wou ee berufflech aktiv ass, wou een dra studéiert huet, wou een sech "auskennt". Bäcker, hal däi Bak a bak däi Brout. Alles gëtt de Spezialisten iwwerlooss an och Politik däerf just nach vu Beruffspolitiker ausgeüübt ginn, oder wéi?
Wie géif iwwerhaapt vun sou enger Gesellschaft profitéieren? Sécher net de Schouschter, de Bäcker oder de Sänger. Mol net deen, deen hinne mat deem schlaue Sproch de Mond verbidde wëll. Nee, et sinn déi, déi sech de groussen Deel vun der Muecht a vum Räichtum souwisou schonn deelen, well si kënne sech da weider ongestéiert d'Welt sou maache, wéi si hinne gefält. Dës Vampire vum System an hir Handlanger kënnen dann, nach méi ongenéiert wéi elo, hiren ongeheierlechen Duuscht um brave Foussvollek sengem Blutt stëllen.
Et ass also net am Interessi vun engem Bierger, engem aneren de Mond wëllen ze verbidden. Elo kéint een déi, déi dat nawell maachen, jo gutt vun uewen erof als onkultivéiert Asozialer bezeechnen an de Phänomeen als Randerscheinung klasséieren. Komescherweis ass et do wou déi Kultivéiert zesummekommen, an der Welt vun der Kultur, net vill besser. Wann ech kuerz aus der Bitzkëschtchen schwätzen däerf: Kierzlech gouf ech vun engem "Kënschtlerkolleeg" op d'Plaz gewisen, well ech mech an enger Zeitung kritesch iwwert de Statut vum Kënschtler geäussert hat. Wat ech fir e "Brach" géif schreiwen, op anere Plaze wär et vill méi schlëmm, a mir sollten einfach dankbar sinn. Hal däi Bak a bak däi Brout, quoi. Nach manner gutt ass et an der Kultur gesinn, Kritiker ze kritiséieren, souguer mat juristesche Suitten ass ass mer hei rezent vun engem "Kritiker" gedréit ginn, also genee esou wéi d'Rietspopulisten et mat hire Géigner maachen. Hal däi Bak a bak däi Brout. Vun enger Debattekultur ass och an der Kultur selwer keng Spuer.
Hei, wéi och soss an der Gesellschaft, gëtt Kritik nëmme perséinlech geholl, d'Egoe komme virun den Inhalter a stinn esou all konstruktivem Dialog am Wee. Wa mer wierklech do ukéimen, wou de Schouschter just nach bei senge Leeschte bleift, wann net méi all Bierger eng Meenung an eng Kritik däerf äusseren, dann erwäche mer an enger Gesellschaft, wou keng iwwergräifend Entwécklungen a Verbesserunge méi méiglech sinn. Innovatioun a Fortschrëtt sinn nämlech ganz oft d'Resultat vu Kritik, Iddien a Virschléi, déi sech ausserhalb vun de Konventioune beweegen. "Out of the box" géif een haut soen. Dofir: komm mir sprangen aus der Këscht (oder aus der Box) a fërderen de kritesche Geescht, amplaz en ze bestrofen.Vu klengem un, an de Schoulen an op der Aarbechtsplaz, an enger Gesellschaft mat wierklecher Biergerbedeelegung déi doriwwer erausgeet, e puer mol am Liewen e Kräiz op e Walziedel ze maachen.