Häss du eng Sekonn fir mech?

© RTL
All Dag gi mir am Schnëtt 8-10.000 Signaler ausgesat, déi probéieren, eis ze beaflossen oder einfach nëmmen ze ënnerhalen.
Op sozialen oder an traditionelle Medien, an der Strooss, am Supermarché. Et handelt sech ëm Videoen, Fotoen, Texter oder divers Messagen. Am Marketing schwätze mir vun der Opmierksamkeetswirtschaft. Hir Effizienz gëtt net an Euro gemooss, mä a Sekonnen, déi mir kucken oder nolauschteren. A leider vill ze oft eis Zäit verplemperen. Heizou eng Carte Blanche vum Daniel Eischen.
"Häss de eng Sekonn fir mech? Et geet och ganz schnell, et ass wichteg! Majo da lauschter...". Instagram, Facebook oder TikTok, mee och Radio, Tëlee oder op der Strooss...
Jidderee wëll mat eis schwätzen. Jidderee wëll eis eng Geschicht erzielen, eis eppes weisen, eis kuerz aus eisem Dagdeeglechen erauszéie fir eppes, wat wichteg ass. Oder wat wichteg kéint sinn. Et weess een et jo net esou richteg. Stell dir vir, ech hätt dat doten elo verpasst an den Owend freet mech een: wéi? Hues du dat net gesinn? Dat nennt sech: The Fear of Missing Out - FOMO.
Mir ginn all Dag iwwerschott mat Informatiounen oder Inhalter, wéi ee se éischter nenne sollt. Wichteg oder banal, seriö oder witzeg, vu Leit déi mir kennen oder där déi mir wéilte kenneléieren. Famill, Frënn, Noperen, Celebrityen... an esou guer mengem Noper seng Kaz: Op si kommen ech spéider nach eng Kéier zeréck.
Inhalter. Content. Si sinn iwwerall. Net nëmmen an digitalen oder traditionelle Medien. Nee. Mir ginn all Dag enger Onmass Inhaltssignaler ausgesat, déi op eis awierke sollen. Eist Behuele beaflosse sollen. Video, Fotoen, Texter, Messagen... 8 bis 10.000 esou Signaler pro Dag laut der Statistik.
Wat méi dovunner do ass, wat et méi Tendenz huet laanscht eis ze lafen. An trotzdeem kucke mir oft ouni ze gesinn, lauschteren ouni ze héieren. Mir klicken, scrollen, swipen an et flimmert virun eisen Aen an et brummt an eisen Oueren.
Jidderee well dat Selwecht vun eis: eis Zäit. Oft sinn et just Sekonnen. Am Marketing nennt een dat Opmierksamkeet, oder attention am engleschen. Duerfir och Attention Economy. D’Wirtschaft vun der Opmierksamkeet. Valeur oder Wäert gëtt net méi an Euro oder Gold ausgedréckt, mee a Sekonne vun Opmierksamkeet. Sekonne vu mengem Liewen.
A jidderee wëll e Stéck vum Kuch. Marken, Influencer, Politiker... A se mengen oft, wat se méi haart jäizen, wat ech se besser héieren. D’Lautstäerkt ass oft méi wichteg wéi dat, wat erzielt gëtt. Visibel si méi wichteg wéi credibel oder authentesch eriwwerkommen.
An dobäi ass Opmierksamkeet eppes, wat een net ka fuerderen. Et muss ee sech et verdéngen. Andeem ee mir eppes erzielt, wat Sënn mécht, wat mech virubréngt, wat justifizéiert, dass ech zweemol hikucken. Oder lauschteren. Eppes wat Relatioune schaaft. Et geet manner ëm en Deel vu menger Opmierksamkeet ewéi en Deel vu mengem Vertrauen. D’Wirtschaft vun der Opmierksamkeet muss e Krack zeréck schrauwen. Sech Zäit huele fir mech mat u Bord ze huelen. Mir erlaben en Deel vun der Story ze ginn an net just e passive Konsument.
An do kommen ech zeréck op mengem Noper seng Kaz. Och si huet en Instagramprofil. An all gudden Dag gesinn ech e Video, wou si op en Dësch spréngt oder Saachen ëmgeheit. An dat mécht oft richteg Spaass ze kucken. Well si verspriecht mir net méi wéi dat, wat si hale kann.