D'Prozedur fir d'Validation des acquis de l'expérience - kuerz VAE - erméiglecht d'Unerkennung vu beruffleche Fäegkeete fir en Diplom ze kréien. Bei eis ass dëse Wee allerdéngs onnéideg komplizéiert, haaptsächlech well net kloer ass, wat vun de Kandidate verlaangt gëtt. Eng verpasste Chance fir dem Manktem u qualifizéiertem Personal entgéintzewierken a Pech fir déi Léit, déi iwwer dee Wee hir berufflech Karriär wëllen opwäerten.

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Vill Mënschen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, hunn hir Schoul mat kengem oder engem niddregen Diplom ofgeschloss. Allerdéngs kann ee seng berufflech Erfarung unerkenne loossen, wann ee mindestens 5.000 Stonnen - also gutt 3 Joer - Beruffserfarung am Beräich vun der gewënschter Qualifikatioun noweise kann. Vill Flüchtlingen oder Migrante mat Beruffserfarung kënnen awer oft keng oder kaum berufflech Zertifizéierung aus hirem Land virweisen.

Tëscht 2022 an 2024 hunn an der Moyenne ronn 1.500 Kandidate pro Joer zu Lëtzebuerg eng Validation des acquis de l'expérience - kuerz VAE genannt - ugefrot. 83% vun den Ufroe sinn zréckbehale ginn. 1/5 vun den Ufroe gouf also ofgeleent. Wéi sinn dës Leit berode ginn?

Frankräich huet eng speziell VAE-Plattform geschaaft, déi d'Zouloossung vereinfacht, Detailer vun de Konditiounen an Erwaardunge fir all Zertifizéierung an eng Iwwersiicht vun der Ënnerstëtzung fir VAE bitt. Wann ee sech iwwer de VAE-Programm bei eis informéiert, kritt een haaptsächlech Hiweiser op Ausbildungsprogrammer fir Diplomer. Wéi soll eng Persoun, déi schonns jorelaang aus dem Schoulsystem eraus ass, eis Landessproochen net gutt beherrscht an oft Schwieregkeete mam Schreiwen huet, den Duerchbléck kréien a verstoen, wat vun him erwaart gëtt?

A Frankräich kréien d'Kandidaten e perséinleche Superviseur un d'Säit gestallt, deen d'VAE-Umeldung ofgëtt an de Kandidat suivéiert an ënnerstëtzt, bis hie säin Unerkennungs-Dossier areecht. Eisen Erzéiungsministère bitt eng Begleedung a Form vu kollektiven Atelieren a perséinlechem Austausch mat engem Betreier, deen de Kandidat bei sengen Iwwerleeungen iwwer seng Fäegkeete soll guidéieren. Dës fakultativ Hëllef ass awer op maximal 12 Stonne pro Kandidat festgeluecht. 77% vun de Kandidaten hunn an der Moyenne tëscht 2022-2024 dës Hëllef ugefrot. Well ech selwer VAE-Kandidaten ënnerstëtzen, konnt ech feststellen, dass et kee klore Raster gëtt, deen hëlleft seng Kompetenzen nidderzeschreiwen.

Den Text vum Joresrapport vum Erzéiungsministère iwwert de VAE ass säit Joren dee selwechten, just Zuelen änneren. Firwat a wou Kandidaten am Ausschaffe vun hirem Unerkennungsdossier Schwieregkeeten haten, gëtt net ernimmt. An de leschten 3 Joer sinn an der Moyenne 50% vun den agereechten Dossiere fir eng definitiv Unerkennung fir en Diplom vum Jury refuséiert ginn! Am Refusbréif steet just eng allgemeng Begrënnung mee kee konkreten Hiweis drop, wat ee misst änneren a wéi genau den Dossier soll verbessert ginn, fir ugeholl ze ginn.

D'Dauer vum VAE-Congé gouf a Frankräich verduebelt. Zu Lëtzebuerg kënne VAE-Kandidate kee Formatiouns Congé dofir ufroen. Firwat?

D’Unerkenne vun der Beruffserfarung duerch en Diplom gëtt der betraffener Persoun eng besser berufflech Perspektiv, erméiglecht eng besser sozial Integratioun an hëlleft der Wirtschaft, dat néidegt qualifizéiert Personal ze fannen. Firwat bleift d’Unerkennung vu beruffleche Fäegkeeten esou schwéier zu Lëtzebuerg!?