Manifest fir eng Schoul, déi Brécke baut!

© RTL
Zu Lëtzebuerg huet d'Schoul haut zwee Gesiichter.
Op där enger Säit steet déi national Schoul mat hirer dräisproocheger Traditioun: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. Op där anerer Säit wuessen déi international Schoulen, organiséiert nom Modell vun den Europaschoulen. Zwee Systemer. Zwou Welten. Mee eng zentral Fro bleift: Wat fir eng Zukunft wëlle mir fir eis Kanner? Där Fro geet de Gaston Ternes an dëser Carte blanche no.
Den Nieftenee vun nationalen an internationale Schoule spigelt d'Realitéit vum Land: méi wéi d'Hallschecht vun den Awunner hunn haut keng lëtzebuergesch Nationalitéit. Vill Famillje bleiwen nëmme kuerz am Land. Déi international Schoule bidden hei Sécherheet a Kontinuitéit.
Mee d'Bild ass méi komplex. Déi national Schoul ass net méi dräisproocheg, mee véiersproocheg: Englesch spillt eng ëmmer méi grouss Roll an déi Jonk stinn haut virun héijen Erwaardungen a véier Sproochen. Gläichzäiteg schwätzen ëmmer méi Kanner doheem kee Lëtzebuergesch, kee Franséisch, keen Däitsch. Wat als Räichtum gëllt, ka séier zur Barrière ginn, wann d'Sprooch d’Léiere schwéier mécht.
D'Grënne vu weideren internationale Schoulen ass eng direkt Äntwert op konkret Besoinen. Mee schafe mir domat net zwee Systemer, déi sech ëmmer méi wäit ausernee beweegen?
Muer begéinen sech Jonker an de Betriber, Institutiounen a Veräiner. Mee fanne se nach eng gemeinsam Sprooch?
Mir stinn haut op enger Schnëttstell. Loosse mir déi zwee Systemer einfach parallel weiderlafen? Oder hu mir de Courage eng gemeinsam Visioun ze schafen, eng Schoul déi Brécke baut?
Mir brauche Schoulen, wou Kanner aus béide Systemer zesumme léieren a kulturell zesummewuessen. Et geet net drëm, déi international Schoulen opzeléisen oder d’ëffentlech Schoul ze kopéieren, oder ee vu béide Systemer schlecht ze rieden. Nee, et geet drëm déi aktuell Trennung opzebriechen: Partenariater tëschent de Schoule schafen, Schüleraustausch-Programmer, eenheetlech Léierressourcen a groussen Deeler vum Curriculum. Mathematik, Naturwëssenschaften, Sport, Konscht oder Musek kéinten ouni groussen Opwand harmoniséiert ginn. Ee kéint vun deem anere senger pedagogescher Approche léieren. Jonker aus béide Systemer kéinten online zesumme schaffen.
A virun allem gëllt et d'Mobilitéit tëscht béide Systemer konsequent opzebauen, ouni Broch, ouni Nodeeler. Et solle kloer Reegelen heifir ginn, wéi Fächer aus engem System an dem aneren unerkannt ginn. Et solle Brécke gebaut ginn, a béid Richtungen, mat Iwwergangsphasen- oder Joren.
Mee et geet ëm méi wéi nëmmen Educatioun. Et geet ëm de sozialen Zesummenhalt vun eisem Land. D'Schoul ass net nëmmen eng Plaz fir ze léieren. Si ass dat liewegt Häerzstéck vun eiser Gesellschaft, si soll eng Plaz si wou Kulture sech begéinen. Hei solle Kanner net nëmme fir sech léieren, mee och mateneen a vuneneen.
D'Zukunft gëtt an der Schoul geschriwwen. Net muer, net iwwermuer, mee haut.