D’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ass ee richtege Brandbeschleuneger vun der Onzefriddenheet. Si gräift mëttlerweil bis déif an d’Mëttelschicht eran.

Dat bedeit: och Leit mat uerdentleche Paie kënne sech oft keng Wunneng méi leeschten a gesi sech gezwongen, an d’Grenzregiounen ze plënneren.

Carte Blanche vum François Bausch

D’Leit hunn dobäi zu Recht de Verdacht, dass am Wunnengsbau Spekulatioun a Profitsucht am Vierdergrond stinn – an net d’Suerg fir de Mënsch a sengem Recht op en uerdentleche Wunnraum. Zanter Enn den 90er Joren ass den Immobiliëmaart zu enger extrem lukrativer Plaz ginn, wou Kapital ugeluecht gëtt – an engem Land, dat zanter iwwer 30 Joer déi héchste PIB-Wuesstemstauxen an der EU kennt, gekoppelt mat engem staarke Bevëlkerungswuesstem.

Gläichzäiteg ass vill ze wéineg ëffentleche Wunnraum geschaaft ginn. Hei ass et kloer verpasst ginn, de Maart, dee scho laang net méi gerecht funktionéiert, mat staatlechen oder kommunale Mëttele richteg ze korrigéieren.

Nach méi schlëmm ass d’Situatioun beim bestoende Wunnraum, deen eidel steet. Wie just eng Kéier duerch d’Haaptstad spadséiert, gesäit direkt, wéi vill Wunnengen zougemauert sinn oder einfach net benotzt ginn. A verschiddene Stroossen entstinn esou richteg Geeschterquartieren.

Dës traureg Situatioun verschäerft d’sozial Konflikter am Land. Esouguer bei Loun- a Kollektivvertragsverhandlungen spillt se eng enorm Roll. Wann d’Alldagsliewen trotz Indexupassungen duerch d’Wunnengskäschten onerdréiglech gëtt, ass et normal, dass d’Fuerderunge fir méi héich Léin ëmmer méi grouss ginn. Wann ech een Drëttel bis d’Hallschent vu mengem Akommes fir de Loyer muss ausginn, bleift nieft mengen normale Käschten net vill fir ze liewen.

Et ass dofir d’Flicht vum Staat a vun de Gemengen, fir d’Mobiliséierung vun eidelstoende Wunnengen an och vu baubaren Terrainen ze garantéieren. Lëtzebuerg muss endlech kloer entgéintwierken, dass Terrainen zeréckgehale ginn oder Wunnengen iwwer Joren eidel stinn. Et brauch eng detailléiert Bestandsopnam an dono och steierlech Moossnamen, fir Wunnengen an Terrainen ze mobiliséieren.
Eegentum verflicht – esou steet et an der däitscher Verfassung. An dat gëllt besonnesch fir Immobilien. Et ass net akzeptabel, dass Wunnengen oder Terrain aus pure Spekulatiounsgrënn laang Zäit net genotzt ginn. Et muss e raisonnabele Kader ginn bannent deem eidel Wunnengen besat mussen ginn an wou op Terrain am Bauperimeter Projeten mussen entstoen. Soss ass eng däitlech Besteierung néideg.

De Staat an d’Gemengen hunn d’Verantwortung, sech d’Moyenen ze ginn, fir dat och ëmzesetzen. Déi, déi hei bremsen, maachen sech matschëlleg: si entzünden de soziale Sprengstoff am Land ëmmer méi an droen domat dozou bäi, dass d’Aarmut klëmmt.