De Film «The father» mam Antony Hopkins weist androcksvoll, ewéi d’Kommunikatioun vu Mënsche mat enger Demenz verännert ass. Gespréicher iwwert Telefon sinn erausfuerderend, gläichzäiteg sinn d’Famillje manner present duerch d’Pandemie. Dobäi si si grad elo voller Onsécherheeten an op den Feedback vum Gesondheets- an Fleegepersonal ugewisen. Dëst ass zäitlech nach méi gefuerdert. Eng Situatioun, déi Konflikter unzitt. D’Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff huet no Léisunge gesicht.

D'Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Virun der Pandemie schéngt den Informatiounsaustausch oft da stattfonnt ze hunn, wann d’Famill vun enger Persoun mat enger Demenz ee vum Fleegepersonal um Gank begéint huet.

Elo schéngen duerch d’Restriktioune vun de Visitten Froen ewéi «Wéi geet et eiser Mam? Ass den Houscht besser? Hutt Dir hir Zänn erëm fonnt? Geet hiren Hörapparat nees?» ënner ze goen. Perséinlech laanscht goen, fir dono ze kucken, ass schwiereg. Also muss d’Famill den Aussoe vum Gesondheets- a Fleegepersonal um Telefon vertrauen.

Ëmmer erëm héiert a liest een, dass d’Familljememberen sech net informéiert fillen. D’Personal op hirer Säit huet d’Gefill dem Usproch nëmme schwéier gerecht kënnen ze ginn. D’Fleegewëssenschaft bitt hei Léisungen, an eng dovunner wier, dass d’Infirmière enger fester Kontaktpersoun vun der Famill zu engem festgeluechte Moment vu sech aus urifft.

Ass den Dag vum Betraffenen emol net sou gutt verlaf, mécht d’Famill sech oft an den Owesstonne suergen, wéi d’Nuecht wuel wäert ginn. An Etüde beschreiwe si de geplangten Uruff vun enger vertrauter Infirmière um Moien dono als Erliichterung: «Gudde Moien, ech ka mir virstellen, dass Dir iech Suerge gemaach hutt, well Är Mam gëschter mëtten onroueg war. Ech kann Iech awer berouegen! D’Infirmière, déi si gëschter Owend versuergt huet, huet dokumentéiert, dass är Mamm mat engem Orangenblütentéi, wéi si en doheem ëmmer gedronk huet, zur Rou komm ass an eng gutt Nuecht hat. Fir d’Onrou an den Owesstonnen ze vermeiden, wäerten mir elo ...». D’Infirmière erkläert wéi d’Equipe der Problematik entgéint wierkt, de Prozess vun der Fleeg gëtt fir d’Famill siichtbar an d’Vertrauen an d’Aarbecht vum Fleegepersonal gëtt gestäerkt. Dëst ass méi effektiv, wéi all Ëffentlechkeetscampagne.

Dir denkt vläicht berechtegterweis: «Dat hëlt ze vill Zäit, fir all de Leit unzeruffen.» Déi wou se de System getest hunn soen «Nee». D’Infirmière ass jo op dat strukturéiert Telefonat virbereet, huet all d’Informatiounen beieneen an d’Kontaktpersoun vun der Famill kritt op hier gesammelt Froen Äntwerten. Äntwerten ewéi «Ech weess et net, ech war gëschter net do» sollten doduerch manner oft virkommen an ongeplangten Uriff vun der Famill bleiwen d’Ausnam.  Nierft den heiansdo dach beonrouegenden Aussoen vun de Betraffenen um Telefon kritt d’Famill zousätzlech Informatioune vun engem Professionellen, deen d’Situatioun oft opkläre kann. Och gi rechtlech Grozone verhënnert, well d’Personal genau weess, wiem si Auskunft ginn.

Nierft der Fleeg vum Betraffenen, ass d’Begleedung vun der Famill also e wichtegen Deel vun enger professioneller Fleeg. Esou Innovatiounen op den Terrain ze bréngen, ass d’Aufgab vun Fleegeexperten. Eng Infirmière mat Beruffserfarung an engem Master. Mä ech wëll net erëm iwwert d’Infirmièresformatioun schwätzen. D’Zukunft vun der Fleeg läit elo an den Hänn vun de Politiker.