Jonk Kreativitéit als Vecteur fir Sensibiliséierung

Et ass ni ze fréi fir Preventioun. Scho guer net, wann et ëm Tabuthemen ewéi d’Santé Mentale geet. Déi ideal Vermëttlung dofir si participativ Kreativitéit an eng kloer Sprooch.
Et war eemol eng kleng Gittar. Si war wonnerschéin, immens talentéiert a virun allem beléift, well si d’ganzt Orchester zesummegehalen huet. Op si konnte sech déi aner Instrumenter ëmmer verloossen, si hat fir jiddereen en oppent Ouer an e gudde Rot. Bis d’Gittar enges Dages ëmmer méi roueg ginn ass an ugefaangen huet, falsch Téin ze spillen. "Du bass Schold, wann eise Concert näischt gëtt!", gouf se vernannt. "Mell dech dach beim Gäertner als Blummendëppen!" Schliisslech gëtt déi aarm Gittar aus dem Orchester erausgehäit. Zum Gléck kritt se Ënnerstëtzung: D'Flütt an den Triangel weise sech solidaresch a wiere sech géint d’Ausgrenzung vun der Gittar, an obwuel se net wëssen, wat mat hirer Frëndin lass ass, de Probleem net eenzock ka geléist ginn, vermëttele se der Gittar virun allem eppes: Du bass net eleng.
Nee, Dir sidd net an der neier Kannersendung vun RTL gelant, och wann dat hei de kuerze Resumé vun enger Geschicht ass, déi bezweckt, Kanner fir d'Thema Santé Mentale ze sensibiliséieren. Net vun uewen erof, mee mat hinnen zesummen, participativ, am Kader vun enger Co-Kreatioun mat der Klass 4.1 B vu Wëntger, déi op Initiativ vun der Table Ronde Éislek, engem Service Club, entstanen ass. Memberen, déi de Courage haten, e Sujet unzegoen, deen och haut nach net selbstverständlech ass.
Aha…wëll sech hei eng Autorin mat engem Projet profiléieren? Sou ass et net. Stëmmt, ech engagéiere mech fir Santé mentale a Sensibiliséierung am Gesondheetsberäich. Zesumme mam Enseignant an der Sozialpedagogin gouf effektiv den Ausgangspunkt vun der Geschicht definéiert. De ganze Rescht, also d‘Fortsetzung an d’Léisungsusätz hunn d’Schüler a Schülerinnen vun der Klass selwer opgeschafft.
Wann een oder deen anere vun eis am Ufank Bedenken hat, ob d’Kanner räif genuch wären, fir mam Sujet ëmzegoen, goufe mer séier eppes Besserem beléiert. Mat Häerz, Mënschlechkeet, vill Versteesdemech, Empathie a Kreativitéit hu si no konstruktive Piste gesicht…a se fonnt. Strategesch anescht, oppen, erfrëschend mat enger Liichtegkeet, déi mir Erwuessener meeschtens net hunn.
E puer Säiten am Buch vermëttelen nieft der Geschicht Rotschléi, wat ee maache kann, wann een an der Situatioun vun der Gittar, hire Frënn oder hirem Orchester ass. Den Enseignant Joé huet mer erzielt, datt d’Kanner d‘Strategien tatsächlech an der Klass uwenden. Fir mech no enger Partie änlechen Erfarungen alt nees e Beweis, datt implikativ Bottom-Up-Sensibiliséierung vill beweege kann.
Mir schwätzen dacks dovun, datt mer deene Jonke wëllen eng Stëmm ginn. Eigentlech musse mer dat net, well si scho laang eng hunn. Mir brauchen hinne just nozelauschteren, op Aenhéicht mat hinnen ze diskutéieren an dorop ze vertrauen, datt och déi ganz Kleng zu grousse Sujete vill ze soen hunn. A wann et ëm Sensibiliséierung a Preventioun geet, wësse si am beschten, mat wéi enger Sprooch een hir Kolleeginnen a Kolleegen erreecht.