D'Summervakanz steet virun der Dir. E gudden Zäitpunkt fir sech e puer Gedanke ronderëm d’Schoul an hir Roll an enger demokratescher Gesellschaft ze maachen, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

An der Schoul léiere Kanner a Jonker, nieft de Kulturkompetenze Liese, Schreiwen a Rechnen e Koup Saachen iwwert d’Welt, d’Gesetzer vun der Natur, si kréien eng Allgemeng – a spéider och méi eng spezifesch Bildung a ganz verschiddene Fachberäicher, fir kënne schaffen ze goen oder op eng Uni. Nieft dem Optrag, Wëssen ze vermëttelen, huet d’Schoul awer och den Optrag, Kanner a Jonker z’erzéien. An zwar am Sënn vun enger demokratescher Gesellschaft. Dat gëtt gär mol vergiess. Mä dat ass esou an de Schoulgesetzer verankert an dat zu Recht, well een eben net als Demokrat oder Demokratin gebuer gëtt. Dat muss een trainéieren. 

Demokratiebildung als Optrag fir d’ganz Schoul 

Demokratiebildung ass keng Verantwortung, déi een un eenzel Proffen ofgi kann. Ausgebilten Enseignant fir Sciences politiques ginn et der leider just eng Dosen fir all d’Secondaire - a Beruffsschoulen am ganze Land. Demokratiebildung léisst sech och net op ee Fach begrenzen, wéi zum Beispill Éducation à la citoyenneté (dat am Classique grad mol eng Stonn an engem Joer huet, am Enseignement général an am Professionnel awer méi Stonnen um Programm steet).  Et ass d’Aufgab vum ganze Schoulpersonal. Dobäi geet et manner drëms, datt een Expert.in ass fir all méiglech geopolitesch Konflikter, mee vill méi ëm Haltung, Wäerter an Ëmgangsweisen, déi den Unterrecht an och d’Schoulliewe prägen an déi der demokratescher Gesellschaft zugronn leien. Wat heescht dat da lo? 

Ewechkucken ass keng Optioun 

Dat heescht, datt een déi Themen, déi an der Gesellschaft brennen, Kricher a Konflikter, riets Ideologien, Homophobie, Autoritarismus, Populismus, Verschwörungserzielungen, Desinformatioun, Techindustrie, KIen a sou weider an der Schoul zum Thema mécht. Et heescht virun allem och, datt ee Verhalen, dat demokratesche Prinzippie wéi der Gläichwäertegkeet vun de Mënschen widdersprécht net toleréiert a gegebenenfalls och sanktionéiert. Bei Hakekräizer am Biosall, Mobbing am Teamsgrupp, bei verbalen Entgleisungen – sief et sexisteschen, rassisteschen oder antisemitteschen Aussoen  – respektiv schlëmmer nach, bei kierperlecher Gewalt, fabuléiere oder reeller, däerf een net einfach wechkucken oder maache, wéi wann een et net héieren hätt. Mat engem "Dat war ee Witz" oder “Sou sinn déi Jonk nu mol.” däerf et net gehale sinn.

Dat gëllt iwwregens och fir Saachen, déi ausserhalb vun der Schoul geschéien. Et kann een net soen: “Dat war no der Schoul” oder “Net op eisem Terrain.” Feelverhalen ass Feelverhalen, egal wou a wéini. Dobäi geet et net drëms, der Police oder dem Parquet hir Aarbecht ze maachen oder Jonker duebel ze bestrofen. Mä am Kontext Schoul muss dat Verhalen als falsch thematiséiert ginn.  

... well näischt maachen, toleréieren heescht.   

Wann eng Schoul dat net mécht, gëtt se d’Signal, datt dat wat geschitt ass, net sou schlëmm ass. Dat ass virun allem e fatale Message fir all déi aner Kanner a Jonker. “Déi Grouss soen näischt, also wäert et schonn ok sinn.” An dat léist potentiell Affer am Ree stoen. Enseignantë mussen Haltung weisen. Dat ass schwéier an dat ass ustrengend. An och wann de Prinzip vun der 1. Hëllef gëllt: dat Eenzegt, wat ee ka falsch maachen, ass näischt maachen, sou ass et awer am beschten, wann déi ganz Schoulcommunautéit sech zesummen iwwerleet, wéi se op demokratiefeindlech Äusserungen, Haltungen a Verhale wëll reagéieren. Am beschte mat anere Schoulen a mam Ministère. Fir datt keen eleng do steet. Dofir brauchen se virun allem eppes: Courage!