Dozou e puer Iwwerleeunge vum Tom Wirion.

Datt déi wirtschaftlech a sozial Situatioun zu Lëtzebuerg net gutt ass, si keng "fake news", mee Fakten. Schwiereg dobäi ass, datt dës Realitéit nëmme bedéngt wouergeholl an akzeptéiert gëtt.

D'Carte Blanche vum Tom Wirion

Kommt mir maachen en Experiment: wéi kéint déi allgemeng sozial a wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg "à Politique inchangée, also wa mir keng déifgräifend Reforme maachen, 2050 ausgesinn"?

Eigentlech brauch een dofir keng Kristallkugel. En zimmlecht eendeitegt Bild kritt een, wann ee sech d’Analyse vun der Inspection Générale de la Sécurité Sociale, vum Conseil National des Finances Publiques a vum Statec um Internet ukuckt.

Dës Analyse soen, datt à "Politique inchangée" 2050 eng 770.000 Awunner zu Lëtzebuerg wunnen. Wäit ewech vun dem ominéisen eng Milliounen Awunnerstaat, dee mir am Fong bréichten, fir de Modell Lëtzebuerg um Rullen ze halen, mat onser Evolutioun vun den Depensen.

De Wuesstem, dee mir brauchen, fir onse Sozialmodell kënnen ze finanzéieren, stagnéiert a läit da bei 0,5%. Dobäi kënnt, datt nëmmen nach wéineg nei Aarbechtsplaze geschafe ginn. Effektiv läit d‘Croissance beim Emploi 2050 nëmmen nach en Moyenne bei 0,6%, mat Tendenzen an den negative Beräich.

Manner Wuesstem, manner Produktivitéit vun eiser Wirtschaft, manner Emploi bedeite mechanesch manner Suen an de Staatskeesen, mat allen negative Konsequenzen, déi dat wäert mat sech bréngen. Sieft dat bei de Pensiounen, am Gesondheetswiesen oder bei de Sozialtransferten.

E battere Cocktail. Mee zum Gléck si mir jo nach net 2050! D’Festhalen um Status/Status quo oder un den sëllegen Droit acquis wäerten ons allerdéngs net weiderbréngen, genee sou wéineg wéi e blanne Glawen, dass de Ritter um wäisse Päerd dem Lëtzebuerger Land nach e Wirtschaftswonner reservéiert.
Deemno, wa mir wëlle bleiwen, wat mir sinn, hu mir kee Choix, da musse mir bereet si fir Verännerungen.

Sécherlech ass dëst méi einfach gesot wéi gemaach. Mee grosso modo hu mir 2 Optiounen: entweder mir bréngen et fäerdeg, bildlech ausgedréckt, méi aus deem Kuch ze maachen, dee mir als Gesellschaft zu Verfügung hunn.

Oder mir mussen et ronn kréien, en aneren Kuch ze baken, deen ons schmaacht. Béid Optioune verlaangen e Wëllen zur Verännerung an Asaz vun ons all.

Wa mir 2050 net ouni Kuch wëllen do stoen, dann ass elo de Moment fir grondleeënd Reformen, och wann dëst à "court terme" onbequeem kéint ginn.

D’Bereetschaft vun de Bierger an de Betriber, Courage a Wäitsiicht vun de politesche Verantwortleche sinn d’Gebot vun der Stonn.

Wat mir méi laang waarden, wat de Gestaltungsspillraum méi kleng gëtt.

Dofir kommt: "Let’s make it happen"!