Di chineesesch Automark BYD, steet fir "Bulid Your Dream", hat elo kierzlech op eng Presentatioun invitéiert, déi an d'Kategorie Evolutioun passt. Hire Modell Atto gouf iwwerschafft an heescht och elo tatsächlech Atto 3 Evo. Wat huet changéiert, an ass et derwäert? De Christian Schmit war fir eis mat dobäi.
D'Chineese gi Gas a villen Hisiichten, och beim Automobil. Där BYDe gesäit e jo schonn doruechter, mee di Verkafszuele sollen nach besser ginn. An esou gouf den SUV aus der Kompaktklass iwwerschafft.

Wourunner ze erkennen?
Also vu bausse muss ee schonn ganz vertraut mat der Mark sinn, fir d'Ënnerscheeder ze erblécksen. E bëssche Kosmetik vir an hannen, en Daachspoiler, Liicht-Silhouetten am LED an nei 18 Zoll Felgen, an dat war et och schonn.

Mee ënnert der Karosserie, do huet sech wäit aus méi gedoen. An dat grad emol 3 Joer nom Lancement.
75kW/h Batterie ass elo Standard, en Top-Akku a ganz ongewéinlech fir dës Klass Auto ass d'800-Volt-Technik. Respekt, well dat bréngt mat sech, dass gläichméisseg mat 220kW ka geluede ginn. Di nei Blade-Batterietechnik ass méi kompakt an och méi witterungsbestänneg. Mat gudder Leeschtung och wann den Thermometer am Minus ass, respektiv am Summer bei décker Hëtzt.

470-510 Kilometer Autonomie gi versprach. Bon eisen Testparcours war mat esou vill Streckeradaren an 30er-Zone gekréint, dass e reelle Verbrauch schwéier anzeschätzen ass.
Um Bordcomputer stoungen um Enn eng 15kW/h, a sech jo e gudde Wäert.
Zwee Leeschtungsniveauen an zwou Ausstattungslinnen
Genee. Tëscht Design an Excellence ka gewielt ginn, an Traction arrière oder AWD mat 4X4 Eegenschaften, an da 449 PS Leeschtung mat 560Nm Dréimoment.
Och remarkabel fir di dote Klass Auto a Fuerleeschtungen, déi ganz dynamesch ausfale kënnen, do wou et erlaabt ass. Grad emol 4 Sekonnen, respektiv 5,5 Sekonne bis op Tempo 100, dat seet jo genuch. D'Fierderung ass awer eng Spuer ze haart.

Changementer dann och am Interieur. Den Automatik-Hiewel plënnert no un d'Steierrad, an der Mëttelkonsol kënnen elo zwee Handye gläichzäiteg geluede ginn.
“Vehicle to load”-Funktioun ass och elo dran, fir elektresch Apparater bis 3kW.

En zentraalt Element ass deen neien Infotainment-System mat 15,6‑Zoll‑Touchscreen. Integréiert si Google‑Servicer mat Maps, Play Store a Sprooch Assistent.

De Bléck an d'Präislëscht nach vläicht, an e klenge Fazit?
De BYD Atto 3 Evo proposéiert villes "de série", gouf awer och e gudde Krack méi deier. Grad elo wou d'Offer un Elektroautoe permanent zouhëlt muss e gesinn, wéi de BYD Atto sech behaapt. Zanter Abrëll am Showroom. Ënner 40.000 Euro leeft näischt.
