An dësem Automag stelle mir iech een neie Modell vu Škoda vir. Nämlech den Epiq. Dat ass een Elektro SUV, mat deem Škoda der chineesescher Konkurrenz präislech well géinteniwwer trieden. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun, war bei der offizieller Weltpremière mat dobäi.
Eng Weltpremière huet dacks ee fade Bäigeschmaach. Nämlech well een den Auto dacks selwer net ka fueren. Et kritt een e just gewisen. Dat war och beim Škoda Epiq de Fall. Fairerweis muss ech awer soen, datt eis Redaktioun den Auto schonns konnt fueren, allerdéngs war den Epiq do dach relativ vill camoufléiert. Ech hat den Auto awer nach net ënnert de Rieder. Bei der offizieller Presentatioun gouf de Camouflage erof geholl.
Wat krut dir da presentéiert?
Ech géif soen, ee Škoda-typeschen Auto. Ouni all ze vill Schnickschnack, dofir awer eng gutt Qualitéit. A géint gutt Qualitéit, kann ee bekanntlech näischt hunn. Mat 4 Meter a 17 Zentimeter, ass de City SUV am B Segment ënnerwee. Seng grouss Bridder bei de Škoda Modeller mat Elektroundriff, sinn den Elroq an den Enyaq.

Ech konnt den Auto zwar net fueren, ech souz awer dran. Vir an hannen huet een am 5 Dierer, fir déi Gréisst vun Auto, gutt Platz fir 4 Leit. Zu 5 gëtt et dann awer hanne bëssen enk.

Mat enger 475 Liter Mall ass ee gutt ënnerwee. Eng Partie Konkurrenzmodeller kënnen do net mathalen. Ënnert dem Capot huet een och nach ee 25 Liter Frunk.
Wéi ass d‘Veraarbechtung da bannen am Auto?
Déi ass gutt. Och wann ech den Auto net konnt fueren, gesäit et aus, wéi wann alles op op senger Plaz wier, wou et misst sinn. Virun allem huet ee Knäppercher fir déi Saachen, déi ee reegelméisseg brauch. Op engem 13 Zoll Display kritt een alleguerten d‘Informatiounen déi wichteg an och manner wichteg sinn. D‘Sëtzer si bequeem an d‘Steierrad läit gutt an der Hand.

Mat wat fir engem Akku ass een dann ënnerwee a wat kascht den Auto?
Et geet ee bei Škoda, mat engem 55 kWh Akku mat 155 kw, dat sinn 211 PS, un den Depart. Mat deem Akku gëtt eng Autonomie vu 440 Kilometer versprach. Spéider kënnt dann nach een Akku mat 35 kWh a logescherweis och manner PS. Nämlech 135 Päerd. 35.990 Euro muss ee minimum op den Dësch leeën, fir den Epiq mat der 55 kWh. Mam klengen Akku soll ee mat ënner 30.000 Euro dobäi sinn.
