Automag - Am AlldagstestKia PV5 Passenger

Akim Schmit
De Look ass futuristesch an trëfft sécherlech net jidderengem säi Goût, ma bei Plaz, Präis a Verbrauch kann e punkten!

Kia ass virun allem fir seng SUVe bekannt. Mam PV5 Passenger schléit de koreaneschen Hiersteller elo awer en anere Wee an a bréngt en elektresche Familljevan op de Marché. Ob dee géint déi klassesch SUVen nach eng Chance huet, dat weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.

Automag: Kia EV5 Passenger

De PV5 Passenger ass e 4,70 Meter laangen elektresche Familljevan. Amplaz op eng sportlech Silhouette setzt Kia op eng héich, bal rechteckeg Karosserie. Dat ass vläicht net jiddwerengem säi Goût, huet awer e klore Virdeel: de Raum am Banneraum gëtt optimal genotzt an d'Iwwersiicht ass exzellent.

© Akim Schmit

An dat setzt sech am Banneraum fort?

Wat eréischt beim eraklammen opfält, ass wéi grouss de PV5 iwwerhaapt ass. An dat besonnesch an der zweeter Rei, wou och Erwuesse Passagéier d'Been ausstrecke kënnen.

© Akim Schmit

Gutt gefall huet mer d'Veraarbechtung: zwar kënnt vill haarde Plastik zum Asaz, mee d'Finitioune si gutt an näischt rabbelt. Familljen dierfte sech och iwwert déi vill praktesch Oflage freeën, eppes wat dacks ze kuerz kënnt. D’Ergonomie ass gutt, an och den Infotainment léisst näischt ze wënschen.

© Akim Schmit

Wat bitt de PV5 beim Undriff?

Do proposéiert Kia zwou Batteriegréissten a méi oder manner Leeschtung: d’Basisversioun kënnt mat enger 51,5 kWh Batterie an 122 Päerd. D’Long Range Variant huet 71,2 kWh an 163 Päerd. D’Reechwäit läit ënner optimale Konditioune bei 412 km, geluede gëtt mat bis zu 150 kW, woubäi den Uschloss un der Front ass. Dat ass ongewéinlech, awer praktesch.

© Akim Schmit

Doriwwer eraus huet de PV5 eng Vehicle-to-Load (V2L) Funktioun, esou kanns de zum Beispill en E-Bike oder eng Kaffismaschinn uschléissen. Op der éischter Autobunnsetapp koum dunn awer d'Erniichterung: méi wéi 135 km/h sin net dran, dat muss ee wëssen.

© Akim Schmit

A wéi fiert sech de PV5 am Alldag?

Do huet mech de Kia positiv iwwerrascht. Trotz senger héijer Karosserie fillt e sech méi no Auto wéi no Liwwerwon un. D'Lenkung ass präzis genuch, d'Fuerwierk filtert Knubbele propper eraus an och op der Autobunn bleift et am Banneraum roueg. Besonnesch positiv ass mer de Verbrauch opgefall. Bei mengem Test louch deen bei nëmmen 16,4 kWh op 100 Kilometer. Dat ass fir en Auto vun där Gréisst e wierklech gudde Wäert.

© Akim Schmit

Op der anerer Säit muss ee sech bewosst sinn, datt d'Reechwäit op der Autobunn däitlech méi séier schmëlzt an och déi staark limitéiert Spëtztvitesse fält besonnesch op däitschen Autobunnen séier op.

Däi Fazit?

De Kia PV5 ass eng spannend Alternativ zum Familljen-SUV. Wien vill Plaz an en niddrege Verbrauch sicht, mécht hei net vill falsch – esoulaang ee mam spezielle Look an der limitéierter Vitesse liewe kann. Lass geet et bei 31.400 Euro.

© Akim Schmit

Back to Top
CIM LOGO