Di koreanesch Mark Kia steet an dësem Automag am Mëttelpunkt. Déi haten der Redaktioun den Elektromodell EV5 zur Dispositioun gestallt.
Wéi sech de familljefrëndlechen SUV esou am Alldag geschloen huet, dat huet de Christian Schmit erausfonnt.
Bei KIA huet een dann elo eng komplett Gamme un E-Autoen zesummen. Vum EV2 bis erop bei de groussen EV9. Mee grad an der Mëttelklass, engem ganz wichtege Segment, hat e Modell gefeelt, an dat ass elo eben den EV5.
Vun der Designlinn gläich als moderne Kia ze erkennen. Déi markant Signatur vun de Luuchte gouf hei weider geduecht.

Elektroautoe sinn och elo bei Familljen ëmmer méi en Thema?
Jo duerchaus. An den EV5 bréngt och esou zimmlech alles wat am Alldag gebraucht gëtt. Vrun allem Plaz. Vir an hannen ass ee gutt opgehuewen, an och d’Mall proposéiert 566 Liter Volume. Wa gebraucht och wäit aus méi, ginn d’Sëtzer ëmgeluecht. De Frunk vir hält och nach Plaz parat.

Den Tableau de Bord ass iwwersiichtlech, net alles leeft iwwer di zwee 12 Zoll grouss Ecranen. Vill Funktioune fir Info- an Entertainment kënne mat Knäppercher gereegelt ginn, gutt esou. An alles ass gutt verschafft a praxisgerecht.

Vill clever Léisungen a Luxus ginn et am Interieur, wéi USB-Uschlëss vir an hannen a Sëtzheizung fir jiddereen. De Panoramadaach aus Glas léisst vill Luucht a frësch Loft an den Interieur.

Wéi fiert e sech dann, a wéi wäit kënnt een domat?
De Kia EV5 huet eng Leeschtung vun 217 PS, d’Batterie huet 81 kW/h. Dat geet duer fir am Alldag, wa gewënscht, an ënner 9 Sekonnen op 100 ze sinn, an 165 à l’heure. Geluede gëtt mat bis zu 400 Volt, an e Verbrauch vum ëm déi 17 kW/h ass dran, wann deen hannert dem Volant sech fir den ECO-Modus entscheet. Fuerprogrammer Normal, Sport, Snow sinn och Optiounen.
D’Recuperatioun geléngt iwwer Paddelen um Volant. Mir koumen op eng 430 Kilometer Autonomie. Bidirektionnelt Luede fir elektresch Apparater oder E-Bike geet och.

De Fuerconfort ass agreabel, obschonn de Kia jo dach 2 Tonnen op d’Wo bréngt.
Manner agreabel sinn di permanent Piipserten, déi jo eigentlech zur Sécherheet bäidroe sollen, a liicht Traktiounsproblemer bei sportlecher Fuerweis.
Wéi fält dann de Fazit aus?
De Kia EV5 an der GT Line mécht optesch mee och technesch eng gutt Figur. Do kéint sech de Familljerot duerchaus dofir begeeschteren.
Dofir mussen dann awer op mannst 44.470 Euro investéiert ginn. Eisen Testauto an der GT-Line koum op 52.000 Euro. 7 Joer Garantie oder 150 000km inclus.
