An dësem Automag steet e Gebuertsdagskand am Mëttelpunkt: de Golf GTI feiert dëst Joer seng 50! Ma amplaz vun Kuch gëtt et eng nei Editioun. Zweet Jugend oder de Blues? Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp weess wat et domat op sech huet!
Happy Birthday Golf GTI! 1976 huet VW den éischte GTI an de Showroom gestallt an domat Generatioune vu jonken - a jonk bliwwenen - Automobilisten de Kapp verdréint. Vill Leeschtung – mir schwätze vun 110 Päerd - an eng ausgepräägte Fuerdynamik hunn de GTI berüümt a beléift gemaach. Déi dräi Buschtawe si Kult.

De Golf ass an der aachter Generatioun ukoum, mee de Golf 8 GTI gëtt et dach schonn?
Fir de ronne Gebuertsdag ze feiere hu se sech zu Wolfsburg fir eng Sondereditioun entscheet, de Golf GTI Edition 50. Dohannert verstoppe sech awer net just Pechbiller an aner Foussmatten, nee, fir de Coup ze markéiere schécke se de stäerkste Serie-GTI mat 325 Päerd (239 kW) op d’Strooss. Ech soe bewosst Serie, de Rekord bleift beim GTI W12-650, engem Prototyp vun 2007 op Basis vum Golf 5, dee mat sengem Bentley Motor op 650 Päerd kënnt a bei der Virstellung vun der Edition 50 nawell d’Blécker op sech gezunn huet. Mee dat ass en anert Thema...

Mat sengen 325 Päerd dierft awer och d’Editioun 50 séier ënnerwee sinn?
Vun der Leeschtung vum éischte Golf GTI mat sengen 110 Päerd si mer wäit ewech. D’Basis fir den Editiouns-Modell ass de GTI Clubsport dee soss 300 Päerd liwwert an elo 25 Extra-Päerd an 20 Nm (420 Nm) weider spendéiert kritt huet. Domat bass de a 5,3 Sekonnen op Tempo 100, a wann s de ganz presséiert bass, bis zu 270 km/h séier.

Et dréit sech also alles ëm d’Performance
Dat kann ee esou soe, jo. D’DCC-Sportfuerwierk, d’Differentialspär op der viischter Achs an d’Progressivlenkung sinn ëmmer u Bord an droen hiren Deel zur Fuerdynamik bäi. Optional gëtt et e “GTI-Performance Pack Edition 50”: domat spuers de 25 kg op der Wo a kriss eng Ofgasanlag mat Titan-Endréier, eng Déifleeung ëm 5 Millimeter a Semi-Slicks.

Vitesse ass jo net alles. Wéi mécht e sech dann op der Strooss?
Op der Virstellung am Hannerland vu Barcelona konnt ech mech dovun am Stroosseverkéier an op der Rennstreck vu Castelloli iwwerzeegen. Am meeschten hu mech d’Stroosselag, an d’Gefill den Auto schonn no den éischte Kilometer ze kenne beandrockt. Vum Klang hätt ech mer dogéint méi erwaart. Mee den Noper dierft et freeën.

Net onwichteg ass jo och de Präis…
Gebuertsdag heescht net gläich Kaddo. Ronn 50.000 Euro kascht den Editiounsmodell, virun Optiounen. Wärend dem Autofestival gouf et dann awer zu Lëtzebuerg eng besonnesch Remise um Editioun 50, wat dozou gefouert huet, dass e séier vergraff war.
