Nieft dem Premium-Usproch sollen och eng héich Reechwäit a séiert Lueden d’Konkurrenz aus China fäerten doen. Den Akim Schmit war fir eis am Alldag mam CLA 250+ ënnerwee.
A wat am Alldag opfält ass, dass den CLA 250+ net opfält. Mercedes huet beim CLA seng Design-Sprooch vu fréieren EQ-Modeller komplett iwwerschafft. De laang gestreckten a net wierklech beléifte One-Bow-Design gehéiert der Vergaangenheet un. Den Neistart wierkt erfrëschend konservativ: den CLA ass elo méi aerodynamesch, flaach a sportlech.

An obwuel mer vun enger Kompakt-Limousine schwätzen, ass den CLA eppes fir eng jonk Clientèle?
Konservativ ass den CLA nëmme vu baussen, ënnert dem Blech stécht modernst Technik, déi och mat Modeller aus China mathale kann. An dat och beim Interieur, wou déi riseg Display-Landschaft vum MBUX, also der Mercedes-Benz User Experience, dominéiert. D’Armaturebried mat den Ecrane wierkt wéi e Friemkierper, dee sech iwwert déi ganz Breet vum Auto zitt. Dat ass funktional a modern, jo, mee mat Design huet dat fir mech net méi vill ze dinn.

Wéi war dain Androck da fir de Rescht vum Banneraum?
Op den éischte Bléck super, bis de däi rosa Brëll ausdees: d’Knäppercher sinn op e Minimum reduzéiert, d’Klimaanlag an d’Sëtzheizung loosse sech nëmmen iwwert den Ecran astellen an op Plaze wou s de net onbedéngt hikucks oder upeeks, kënnt haarde Plastik an den Asaz. Op där anerer Säit muss ech awer déi bequeem Sëtzer an d’Steierrad luewen, wat gutt an der Hand läit.

Elo waars de am Wanter am Alldag domat ënnerwee. Wéi fiert e sech, a wéi steet et ëm de Verbrauch?
Den CLA 250+ liwwert 200 kW, also 272 Päerd, an huet Heckundriff. Dat si fir en Elektroauto verstänneg Wäerter, e Sportler ass den CLA domat awer net. Aner Elektroautoe fille sech méi sprëtzeg un, fir den Alldag bitt Mercedes hei awer e gudde Kompromëss tëscht Fuerleeschtung, Confort an Effizienz.

Du hues d’Effizienz elo ugeschwat. Wat stécht dann an der Batterie?
790 Kilometer soll déi 85 kWh grouss Batterie ënner optimale Konditioune méiglech maachen. Ma op Wanterpneuen, bei nidderegen Temperaturen a vill Autobunn louch mäi Verbrauch bei knapp ënner 18 kWh/100. Dat ass e gudde Wäert an erlaabt eng realistesch Reechwäit vu ronn 500 Kilometer.

A wann déi opgebraucht sinn, luets de duerch den 800V-System vun der Batterie mat bis zu 320 kW no. Vun 10 op 80 Prozent rechent Mercedes mat gutt 20 Minutten, am Test huet d’Keelt awer d’Leeschtung limitéiert. Méi wéi 147 kW hunn ech net erreecht.
Apropos rechnen: wou leie mer beim Präis?
Den CLA 250+ steet mat 53.200 Euro an der Präislëscht. Awer ech kann der elo scho soen, dass et am Konfigurator eng ganz Partie lackeleg Optioune gëtt, an et net dobäi bleiwe wäert…

INTERNET: Mercedes-Benz CLA
CRASHTEST: Mercedes-Benz CLA (2025)