An dësem Automag schwätze mir iwwer den XPENG G6. Deen ass net nei, mee hie krut ee Facelift. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun, hat den Auto ënnert de Rieder. An et war net déi éischte Kéier, datt hie mam chineesesche Modell ënnerwee war.
Et war effektiv schonns déi 3. Kéier datt ech den XPENG G6 am Test hat. Dat ass schonns erstaunlech bei engem Auto, dee réischt gutt 2 Joer bei eis an Europa um Marché ass. Deen hei Test huet awer zum Deel och nees Sënn gemaach, well op Batterie-techneschem Plang an och wat den Design ugeet Ännerunge beim G6 gemaach goufen.
Da komm mir fänke mat dem opteschen Deel un. Gouf vill verännert um Auto?
Net wierklech. Et muss ee schonns ganz gutt kucken, fir d’Ënnerscheeder ze gesinn. Virun allem huet sech bausse bis op den Emplacement vum Logo näischt geännert. Bannen ass dat awer bëssen anescht. D’Steierrad an och den Display sinn nei. Dat selwecht gëllt fir d’Armaturebriet, wou bësse mat de Luuchte gespillt gouf an och un der Mëttelkonsol gouf bësse geschafft.

D’chineesesch Marke si bekannt dofir, datt d’Optiounslëschte ganz kleng sinn, dofir awer praktesch alles am Auto dran ass. Genee wéi am grousse Brudder, dem G9, ass elo och d’Massagefunktioun serieméisseg am G6. Aus dem Auto eraus gesäit een net gutt zu de hënneschter Fënster eraus. Dofir gouf elo beim Facelift, een digitale Réckspigel installéiert. Dee kennt een och schonns zum Beispill vum Polestar 4.
Wat huet den XPENG G6 dann ënnert der Hauf, respektiv an der Batterie?
Am Géigesaz zu deenen zwee G6 Modeller déi ech bis elo hat, war ech dës Kéier mat der stäerkster Versioun ënnerwee. Hei schwätze mir vun 358 kW, respektiv 487 PS. Mat deem geet et schonns richteg virun. De Sprint vun 0 op 100 ass a 4,13 Sekonnen gepackt. Dat ass schonns sportlech. Trotzdeem ass de G6 a mengen Aen awer keen Auto, mat deem ee wierklech esou richteg sportlech ka fueren. Iergendwéi ass dee Feeling bei mir net ukomm. Wat d’Fiederung ugeet, ass definitiv nach Loft no uewen. Ech wëll awer net soen, datt den Auto sech schlecht fiert. Dat ass definitiv net de Fall. Et ass ee bequeemen SUV, deen an der Performance-Ausféierung, déi ech hat, mat 4 Rieder ugedriwwe gëtt.

Wéi gesäit et da mat Autonomie a Lueden aus?
Vill Päerd brauche vill Stroum an dat geet dann op Käschte vun der Autonomie. 520 Kilometer gi versprach. Reell sinn ech awer ouni mech de Battie ze stellen, eng 440 Kilometer komm. Wat d’Lueden ugeet, do ass den XPENG G6 awer an enger eegener Liga ënnerwee. Mat maximal 451 kW kann um Gläichstroum geluede ginn. Zum Verglach: De vill gelueften BMW iX3, lued mat bis zu 400 kW. XPENG leet do also nach eng Kéier 51 KW drop. Wärend den Testdeeg konnt ech awer net probéieren, ob déi 451 W och reell sinn. Dat hat domadder ze dinn, datt un deene Saile wou ech gelueden hunn, keng déi Leeschtung, wat d’Vitesse ugeet, ugebuede huet. Dofir kann XPENG awer net.
War dee Facelift eigentlech wichteg, bei engem Auto deen eréischt 2 Joer um Marché ass?
Dat ass eng gutt Fro. Wat elo den Design ugeet, ass et wierklech minimalistesch wat geännert gouf. Hei wier et denken ech och ouni Facelift gaangen. Ob ee wierklech eng Massagefunktioun serieméisseg brauch,ass och eng gutt Fro. Ech perséinlech brauch dat net. Den digitale Réckspigel ass ok. Wann en net dra wier, géif ee sech awer och net driwwer opreegen. Wat natierlech elo den Upgrade vum Akku ugeet, do kann een net meckeren. Den XPENG G6 Performance gëtt et vun 50.990 Euro un. De Standard Range mat net esou vill Leeschtung kritt ee schonns fir 40.990 Euro.
LINK: XPENG um Internet
LINK: XPENG G6 am Crashtest
