An dësem Automag hat den Andy Brücker e Gefier aus enger Kategorie am Test, déi sech enger ëmmer méi grousser Beléiftheet erfreet. Rieds ass vum “Kompakt-Van”. An dësem Fall kënnt deen aus dem Haus Ford.
Genee sou ass et... den Iwwerbegrëff ass “LAV ", wat fir “Leisure Activity Vehicles” steet, deemno “Fräizäit-Van”. An Däitschland maache sech d’Liewe méi einfach an nenne se «Héichdaachkombien». Ech denken dat beschreift d’Asazgebitt nawell zimmlech gutt. Et huet een déi praktesch Virdeeler vun engem Kombi, allerdéngs ass den Auto och méi héich vun der Karosserieform, deemno kritt een och méi ënner.
Wat genee fir een Auto has de dann am Test?
Majo dat war de Ford E-Tourneo Courier. Wiem dat elo net direkt eppes seet... et fält an d’selwecht Kategorie wéi e Renault Kangoo, Citroën Berlingo oder nach VW Caddy, fir déi mol ze nennen.

Dacks kennt een déi Gefierer éischter a Form vun engem klengen Transporter, wéi e sëllege Firme se notzen, sief et fir Iessen auszeliwweren, als Aarbechtsgefier fir en Usträicher, Gäertner oder soss en Handwierksbetrib. Ma si fannen och an der familljentauglecher Versioun ëmmer méi Uklang, well se einfach praktesch sinn an och ëmmer besser ausgesinn, dat duerch méi uspriechend Karosserieformen, respektiv faarflech Akzenter.
A wéi enger Hisiicht «praktesch»?
Et ass wéi gesot e méi héijen Kombi. Deemno kritt ee souwuel d’Famill oder Frënn, wéi och Gepäck ënner. An eisem Fall war Plaz fir 5 Persounen, plus an der Mall nach emol 570 Liter. Wann een d’Réckbänk ëmleet, kritt een esouguer 2.162 Liter ënner.

Dobäi kommen nach emol 44 Liter am Frunk, vir ënnert dem Capot. Wat de Volet “praktesch” ugeet, kommen e sëllegen Oflagen, respektiv Fächer dobäi, wou een Allméigleches ënnerkritt, sief et zum Beispill dreckeg Schong an der Mall an engem separate Fach an der Säitewand, oder seng Jacketten uewen ënnert dem Daach direkt iwwert de Sëtzer vir am Cockpit.

Dann huet een zum Beispill och hannen op béide Säiten eng Schiebedier, wat d’eran- an erausklammen extrem vereinfacht, och wann d’Parkplaz mol méi enk ass.
Ma net alles war sou praktesch...
Dat ass leider wouer. Ech hat wéi gesot den E-Tourneo am Test, deemno d’Elektroversioun. D’Autonomie ass uginn mat bis zu 288km, wat jo u sech schonn net immens vill ass. Ma wann ee just vun engem Duerf d’Kanner an dat nächst Duerf an d’Schoul féiert, respektiv op den Training, dann nach an der Géigend akafe fiert oder mol en Tick méi wäit fiert, fir am Baumaart e Sonneprabbeli an e puer Blummestäck sichen ze goen, ass et perfekt.

Déi Woch wou ech den E-Tourneo Courier hat, hunn ech musse bis op Köln op eng Expo fueren. Vu mir aus sinn dat knapp 175km, misst also problemlos klappen denkt ee sech. Voll gelueden huet den E-Tourneo just 199km Autonomie ugewisen, dat bei 12 Grad Baussentemperatur.

Do sinn ech schonn e bëssen nervös ginn. Mir waren zu 3 am Auto an ech muss soen, et war nawell eng spannend Rees bis op Köln. Mat gaaanz gemelleger Faart, an e puer Momenter vun Zweiwel hu mer et dann och bis op Köln gepackt an haten nach eng 20km an der Batterie. Ech war allerdéngs frou wou ech bis eng Elektroborn fonnt hat, dat kënnt dir mer gleewen, a meng Passagéier och!

Fir heem war ech frou mat engem E-Tourneo do gewiescht se sinn, an net mat engem normale Kombi, well mir haten nach eppes musse mat heem bréngen, wat esou kaum an en normale Kombi gepasst hätt. Do war den Tourneo Gold wäert.

Mat voller Mall si mer dunn nees änlech gemittlech zeréck op Lëtzebuerg gefuer, och deen Ament mat just e puer Kilometer Recht-Autonomie bei der Arrivée. Ech hätt net dierfe presséiert sinn, well soss wier et net duergaange mat der Kapazitéit an ech hätt musse stoe bleiwe fir ze lueden tëschenduerch. Deemno léiwer Fouss vum Gas an an enger Kéier duerchfueren an dann doheem lueden. Un enger Schnelllued-Statioun soll ee bannent 24 Minutte vun 10 op 80% luede kënnen. Vun 0 op 100% muss ee ronn 45 Minutten arechnen. Un enger 3-phaseger AC-Wallbox muss ee mat ongeféier 5 Stonne rechnen, fir op 100% ze kommen, wann d’Batterie quasi eidel war.

De Stecker fir ze lueden gëtt iwwregens op der Fuerersäit hannen agestach, an d’Schiebedier huet dann do och e speziellen Arrêt, fir dass een net riskéiert de Stécker, respektiv de Kabel ze beschiedegen, well am Prinzip geet d’Dier méi wäit op, wann net grad geluede gëtt.

Wéi fält däi Fazit dann aus a wat kascht den E-Tourneo?
Ech muss soen, e fiert sech ganz gutt an déi 136 PS ginn och duer. En ass immens praktesch am Alldag a bitt och vill Flexibilitéit. Allerdéngs ass et kee Gefier fir op d’Rees ze goen, däers muss ee sech bewosst sinn. Dofir geet d’Autonomie einfach net duer an och de Reesconfort dierft do net optimal sinn. Op der Réckbänk war et zum Beispill d’Kritik, dass een de Gurt net verstelle konnt an deen deels och no laanscht den Hals gelaf ass, wat net wierklech bequeem war.

Ma fir hei am Land vun A op B ze fueren, sief et mat de Kanner oder engem Mountainbike an der Mall, bitt en alles wat ee brauch, an et kënnt een och elektresch gutt doduerch.
Mir haten den E-Tourneo an der héchster Ausstattung «Active» an dee loung präislech bei 40.872 Euro. Et kritt een awer och scho fir knapp 32.300 Euro en elektreschen Tourneo an der Basisversioun. Als Verbrenner fänkt et iwwregens scho bei 23.289 Euro un.
