An dësem Automag beschäftege mer eis mat engem Facelift. Peugeot huet seng Bestseller 308 an 308 SW opgefrëscht. Ob et sech just ëm Kosmetik oder méi déifgräifend Ännerungen handelt, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
Den 308 ass déi franséisch Äntwert op de VW Golf. 2022 huet Peugeot déi drëtt Generatioun virgestallt, fir 2026 steet elo e Facelift um Programm. Woubäi et des Kéier net just ëm en neie Look geet, mee sech och technesch Munches ännert.
Komm, looss eis beim Look ufänke. Wat gëtt et Neits?
D’Designer hu virun allem d’Frontpartie iwwerschafft an de Stoussfänger a Külergrill nei gezeechent. Dobäi gëtt et Phare mat enger neier Liichtsignatur, e beliichte Markelogo, nei Alufelgen an zwou nei Faarwen (“Lagoa Blo” an “Ingaro Blo”), Chrom kënnt dogéint kee méi an den Asaz. Ënnert dem Stréch kann ee vun enger Evolutioun schwätzen. Den 308 wierkt méi modern, ouni d’Form ze vill ze veränneren.

Baussen ass de Facelift deemno ze erkennen, bannendran och?
“Never change a winning team” – Bannendra bleift d’Basis erhalen. Déi digital Unzeige kruten eng nei Grafik an optional kann en 3D-Kombiinstrument bestallt ginn. Den zentralen 10 Zoll groussen Ecran begleet eis weiderhin, genee esou wéi déi fräi konfiguréierbar Knäppercher un der Mëttelkonsol („i-Toggles“). Plazeweis gouf d’Material opgewäert, jee no Ekipementslinn kënnt Aluminium oder Alcantara an den Asaz. Et sinn also éischter kleng Detailer déi opgefrëscht goufen, genee esou wéi d’Software.

Software schéin a gutt, mee ouni Motor fiert den Auto net. Domat wäre mer beim Undriff...
An do léisst Peugeot engem de Choix ! Véier Variante sinn am Programm: zum enge reng elektresch als e-308 (SW) mat 156 Päerd (115 kW), 450 km Reechwäit um Pabeier an enger 58,4 kWh Batterie; als Plug-In-Hybrid mat 195 Päerd a 85 reng elektresche Kilometer oder als 48 Volt Mildhybrid mat 145 Päerd. Ganz rezent dobäi ass dann och en 1,5 Liter Diesel mat 130 Päerd an 8-Gang-Automatik, e richtege Kilometerfrësser fir d’Laangstreck.

Wéi mécht e sech dann op der Strooss?
Peugeot versprécht en dynamescht Fuerverhalen, an dat kann ech no den éischten Testkilometer och esou confirméieren. Eng Gemeinsamkeet vun all de Varianten ass dat klengt Steierrad, un dat ee sech gewinne muss an deels d’Instrumenter verstoppt, an déi sportlech niddereg Sëtzpositioun. Well d’Zäit knapp war, konnt ech nëmmen den e-308 SW (Kombi) an de Plug-In Hybrid fueren. Besonnesch déi elektresch Variant ass méi straff ofgestëmmt a mécht duerch de kräftegen Untrëtt op der Landstrooss Spaass. De Plug-In Hybrid ass méi confortabel ofgestëmmt, dat geet et bëssen op d’Käschte vun der Fuerdynamik. Wéi et ëm de Verbrauch an der Praxis steet, musse mer an engem Alldagstest klären.

Eppes wat awer net vun dengem Gas-Fouss ofhänkt, ass de Präis…
Ech maachen et elo net ze komplizéiert: fir den 308 geet et bei 30.800 Euro fir den Hybrid lass an hält bei 43.900 Euro fir d’elektresch Versioun op. Fir den SW, also de Kombi, muss de ronn 1.000 Euro drop leeën.
