Automag - Hyundai, Isuzu, KGM, MG a SuzukiTestmarathon mat den neie Modeller vun Astara

Paul Origer
Andy Brücker
Vun Ioniq 6 iwwer Insta bis e-Vitara, Actyon, D-Max, Musso EV an S5 - De Paul Origer huet sech net gelangweilt.

Astara ass scho méi oder manner e Begrëff am RTL Automag. Reegelméisseg luet de belschen Importateur a fir d’Nouvelle vu senge Marken emol kuerz ze testen. De Paul Origer war fir eis bei der Editioun 2026 zu Stadbriedemes derbäi an hat ee richtegen Testmarathon viru sech.

Automag: Wat leeft bei Astara?

Awer wierklech – de Parking vum Hotel war gutt gefëllt! Wéi mer jo wëssen, importéiert Astara haaptsächlech Marken aus China, Korea a Japan, dat sinn Hyundai, Isuzu, KGM, fréier bekannt als SsangYong, Maxus, MG a Suzuki. An alleguer dës Marken hate pünktlech fir de Festival hir Nouvelle matbruecht.

Dat war jo dann d’Qual der Wahl – oder hues de direkt prioritär ee Modell gewielt?

Tatsächlech goung mäin éischte Choix direkt un Hyundai. De Facelift-Modell vum Ioniq 6 huet mech interesséiert, schliisslech huet déi erfollegräich Mark aus Korea an de leschte Joren enormen Know-How ugesammelt, besonnesch am Beräich vun den Elektroautoen. An de wandschnëttege Stromer huet och gehale wat ech mer erwaart hat; enorm héich Qualitéit bei Fuerwierk a Veraarbechtung an extreem vill Kraaft beim Undriff.

© Paul Origer

Fir deen zweeten Test sinn ech iwweregens bei Hyundai bliwwen, well ech scho laang un hirem Klengsten, dem Inster interesséiert war. An ech gouf positiv iwwerrascht. Fir e relativ faire Präis huet een alles wat ee brauch an dat an immens héichwäerteger Form. Gutt, den Design muss engem gefalen, mee praktesch an nëtzlech ass en allemol.

© Paul Origer

Dat ware jo schonn emol keng SUV, wat jo schonn aussergewéinlech ass!

Do ginn ech der Rescht, mee de Wiessel an d’Pseudo-Offroad-Klass huet net laang op sech waarde gelooss. De KGM Actyon stoung um Menu; e relativ grouss-gerodenen Hybrid mat zimmlech moderner Technik an och gefällegem Design.

© Paul Origer

Bei den SUV sinn ech du bliwwe wéi ech bei Suzuki gewiesselt hunn. Do feiert nämlech a Form vum neien eVitara den éischten Elektro-Suzuki seng Première. Okay, et ass eng Copie conforme vum Toyota Urban Cruiser an et fält mer schwéier, am eVitara ee richtege Suzuki ze erkennen. Mee awer sympathesch kompakt a bezuelbar. Just den Design bannendran muss engem gefalen.

© Paul Origer

A propos elektresch Premièren – do waren der jo nach?

Ganz genee, an zwar huet elo och Isuzu hire one and only D-Max ënner Stroum gesat. Ech muss awer soen, de japanesche Pickup huet ausser manner Motoregeräisch a méi Wuppes net vill derbäi gewonnen. Et bleift ee relativ rudimentärt Schaffpäerd.

© Paul Origer

Anescht dogéint KGM mat hirem Elektro-Pickup Musso EV; wat fir eng Iwwerraschung! Top a chic verschaffte Luxus-Banneraum, eng uerdentlech Suspensioun an technesch um neiste Stand, Chapeau! Et brauch ee just genuch Plaz op der Strooss a fir ze parken.

© Paul Origer

Et gëtt awer bestëmmt och nees een Highlight?

Tatsächlech gëtt et deen. Ech hat se herno zwar effektiv net all duerch an hu missen auslousen wien da mäi leschten Astara-Testkandidat wier. D’grousst Lous gezunn hat den MG S5, deen neiste Lancement am Segment vun de kompakten SUV. Den S5 iwwerhëlt den Undriff vum MG4 an ass domat eng richteg gutt Kombinatioun vu geraimeger an awer nach kompakter Karosserie an enger performanter Motorisatioun. En plus hunn d’Ingenieure vun MG dem S5 e richtegt gutt Fuerwierk an ee gutt verschaffte Banneraum verpasst. Dat ganzt en plus zu engem interessante Präis!

© Paul Origer

Back to Top
CIM LOGO