Automag - Bestseller geet a 6. GeneratiounToyota RAV4

Paul Origer
E kënnt elo méi no un de Landcruiser erun an och Gazoo Racing hat seng Fangere mat am Spill.

Haut dominéiert den SUV d'Stroossebild, mee am Fong gouf scho virun iwwer 30 Joer deen éischten, soften Offroader lancéiert. Toyota RAV4 heescht de Pionéier vun dëser Autoskategorie, iwwer 2,5 Milliounen huet Toyota eleng an Europa verkaf. Elo start de japanesche Bestseller an eng nei Generatioun an de Paul Origer konnt e scho fir eis zu Málaga fueren!

Automag: Toyota RAV4

Egal wou hikommen an alles Méigleches maache kënnen – dat ass déi global Visioun vun Toyota, wann et ëm hire RAV4 geet. Déi elo 6. Generatioun fiert nom Motto “Never change a winning team”, mee wëll elo nach ee Schratt méi wäit goen!

© Paul Origer

Den Design

De Landcruiser léisst gréissen. De kompakten SUV trëtt bewosst am neien Hammerhead-Design mat villen Ecken a Kanten op, besonnesch déi zwee Bockel am Capot ginn dem Chauffer net nëmmen eng gutt Iwwersiicht, mee verstäerken nach emol deen Image vun engem Auto, deen iwwerall duerhält. Hannen dominéieren déi relativ grouss an apart Réckluuchten. Première feiert iwweregens deen neien, elo am blénkege schwaarz gehalenen Toyota-Logo.

© Paul Origer

Den Interieur

Den Tableau de bord rutscht 40 mm méi déif a verstäerkt nach emol d’Iwwersiicht an d’Raumgefill. An dat net nëmmen op de viischte Plazen, och hannen ass de RAV4 agreabel geraimeg, weder virun de Knéien nach iwwert dem Kapp feelt et u Sputt. Just déi relativ breet Mëttelkonsol ka Chauffere mat méi laange Been alt emol am Wee sinn, besonnesch op laange Strecken. Soss dominéiert déi relativ einfach Commanden a vill Oflagen. An obwuel d’Moosse quasi net geännert hunn, wiisst d’Mall op maximal 514 Liter.

© Paul Origer

Den Undriff

Toyota steet natierlech och beim RAV4 fir den Hybrid. Entweder als Vollhybrid oder als Plugin, allebéid mat engem 2,5 Liter 4-Zylinder kombinéiert, mat Allrad oder nëmme vir gedriwwen. De PHEV notzt e ganz neie System mat maximal 137 km elektrescher Autonomie an ass elo och zousätzlech vir gedriwwen ze kréien. Ofhängeg vum Undriff läit déi kombinéiert Leeschtung bei 268 oder 304 Päerd, den HEV ouni Plugin kënnt op 183 oder 191. Bei de Verbrauchswäerter schwätzt Toyota vun ënner 6 Liter fir den Hybrid an ënner 2 beim Plugin.

© Paul Origer

Op der Strooss

Vun der Theorie bei d’Praxis: de RAV4 fiert sech erstaunlech gutt, an dat ass emol net onbedéngt vun der Motorisatioun ofhängeg. Kloer geet et beim PHEV mat iwwer 300 Päerd enorm gutt virun, mee och schonn d'Basis-Hybride maachen hiren Job gutt an d'Verbräich ënner 6 Liter dierften duerchaus ze realiséiere sinn. Bliwwen ass zwar dat typescht Ophaule bei Vollgas, mee de relativ gudden Duerchzuch vun de Motorisatioune mécht dat net onbedéngt néideg.

© Paul Origer

Toyota huet eis mam RAV4 esouguer och e bëssen Offroad geschéckt. An och do huet de kompakten SUV mat guddem Grip, gefälleger Fiederung a robuster Karosserie Punkte gesammelt. Iwweregens ass Gazoo Racing och beim RAV4 mat am Spill.

© Paul Origer
© Paul Origer

Déi nei Versioun GR Sport gouf net nëmmen optesch mee och technesch mat méi breeder Spuer an e puer Verstäerkungen op Dynamik getrimmt. Last but not least ass och a punkto Assistenzsystemer a Multimedia eng nei Plattform mam Numm Arene um Start an erméiglecht nei online Servicer a Fonctionnalitéiten.

Am Resumé

Den SUV-Pionnéier vun Toyota huet vill Fortschrëtter gemaach a kann elo nach méi wéi virdrun. Allerdéngs och präislech: knapp ënner 48.000 Euro geet et un, e gutt equipéierte GR Sport mat Allrad a Plugin-Hybrid geet iwwer 65.000 Euro eraus.

© Paul Origer

INTERNET: Toyota RAV4

Back to Top
CIM LOGO