Fir hir véiert Editioun vum "Classic Day Schëtter” sinn d’Organisateuren iwwert sech eraus gewuess. Engersäits sinn d’Oldtimer – well de Site zu Schëtter net disponibel ass - carrement bei d’Mënsbecher Schlass geplënnert. Anerersäits kann een dëse Weekend net nëmmen der Grande-Duchesse Charlotte hire Chrysler Imperial an dem Prënz Felix säi Jaguar MK2 bewonneren, mee och nach eng ganz Rei aner motoriséiert Bijouen. Dorënner een Exemplaire vun enger Mark, déi gären "Kinnek vum Automobil" genannt gëtt.
Noblesse oblige: de roude Bugatti schwieft iwwert de Käpp vun de Visiteuren an Autosgecken. De Bugatti gëtt dacks als Royal vun den Automobiller bezeechent, an deem esou muncher een d’Fusioun gesäit vum absolutte Luxus, der quasi-perfektionéierter Ingenieurskonscht an der brachialer Leeschtung. De Proprietär weist sech net, ma fir hie schwäermt den Thierry Schloesser, selwer Rallye-Pilot an Organisateur vum Classic Day Schëtter. De Bugatti Type 35 aus dem Joer 1934 wier schonn eppes Extraes a grad esou extra de Fait, dass si de Bijou uvertraut kritt hätten.
Chic chic, mat méi "Bling bling", wéi gewinnt – eng Impressioun, déi een natierlech och wéinst dem schéinen, historesche Site kritt. D’Organisateure sinn awer déi a wéi se waren – heescht: net elitär, mee einfach begeeschtert vu Motoren a Maschinnen op zwee, véier oder méi Rieder. Ee vun hinnen ass de Laurent Schandeler, Autosgeck mat méi Ween op der Plaz. Een dovunner e Chevrolet, eng Rekreatioun. Mee och déi hätten hir Plaz an der Welt vun den Oldtimer, a grad esou op engem Event wéi deem hei.
Am Resumé: e flotten Event op engem bal perfekte Site, hätt de Proprietär – de Staat - sech ëm de Pällem gekëmmert. Mee bei engem Oldtimer spillt honnertprozenteg Perfektioun jo och keng Roll!
Wien elo fäert, en hätt een dës Editioun verpasst – keng Panik. E Sonndeg si si och nach do. De Classic Day Schëtter dauert nämlech zwee Deeg, a fir e Sonndeg versprécht den Organisateur nach ganz aner Attraktiounen. Op de Site kënnt een och mat enger Navette.