No technescher PannZuchverkéier tëscht Diddenuewen a Metz rullt nees normal

RTL Lëtzebuerg
Och den Zuchtrafic an Direktioun Lëtzebuerg war vun der Pann betraff.
© Luc Marteling

E Mëttwochmoie gouf et op der Zuchlinn vun der franséischer SNCF tëscht Diddenuewen a Metz eng Pann. Wéi et vun der SNCF geheescht huet, géif et sech ëm en Tëschefall op de Schinnen handelen. Den Zuchverkéier war dowéinst a béid Richtungen ënnerbrach. De Gros vun den Zich an Direktioun Lëtzebuerg ass entweder net gefuer oder hiren Trajet gouf modifiéiert.

Den TGV an Direktioun Paräis stoung dann och e Mëttwochmoien eng Zäit op der Stater Gare, dee wier Informatioune vun der Plaz no awer kuerz no 7 Auer weidergefuer.

Géint 7 Auer hunn d'Zich tëscht Diddenuewen a Metz a béid Richtungen nees progressiv de Betrib opgeholl. Zanter 9 Auer e Mëttwochmoie rullen d'Zeechen nees normal.

Back to Top
CIM LOGO