Pierre Gramegna confirméiert2020 kënnt Hausse vun 3-5 Cent op den Diesel a vun 1-3 Cent op de Bensinn

RTL Lëtzebuerg
D'Hausse kënnt tëscht Februar an Abrëll 2020. De genaue Präis gëtt eréischt no der Evaluatioun vun den éischte Méint fixéiert.
Hausse vun 3-5 Cent op Diesel a vun 1-3 Cent op Bensin
D’Hausse kënnt tëscht Februar an Abrëll 2020. De genaue Präis gëtt eréischt no der Evaluatioun vun den éischte Méint fixéiert.

Dës Hausse vun den Accisen hunn d’Ministere Gramegna, Kersch an Turmes um Méindeg de Moien zesummen an offiziell annoncéiert.

E Samschdeg war de Finanzminister Pierre Gramegna jo eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Do hat hie jo annoncéiert, datt d’Präis-Augmentatioun vum Sprit bei d’C02-Steier dobäi kënnt, déi jo vun 2021 u spillt a wäert e Plus vu 5 Cent op Sprit, Gas a Brennes ausmaachen. 20 Euro pro Tonn si geplangt. Déi zwee Joer dono 5 Euro méi. Duerch dës nei Steier solle bis zu 150 Milliounen u Recetten an d’Staatskeesen erakommen.

D’Erhéijung wäert deemno och eréischt tëscht Februar an Abrëll a Kraaft trieden.

Hannergrond vun dëse Mesuren ass jo de Fait, dass zu Lëtzebuerg vill méi getankt gëtt, wéi vun de Residente gebraucht, an doduerch d’Bilanz vum Grand-Duché a Punkto CO2-Emissioun immens negativ ass. Den Tanktourismus hätt esou negativ Auswierkungen, dass et aktuell esou ausgesäit, wéi wa Lëtzebuerg seng Ziler op europäeschem Niveau fir 2020 net kéint anhalen, esou den Energieminister Claude Turmes. Dofir also elo dës zweet Hausse.

Fir Privatleit bleift de Sprit och no der Hausse nach ëmmer e gutt Stéck méi gënschteg wéi am noen Ausland, präziséiert de Pierre Gramegna. Zil vun der Hausse wier et wierklech, fir den Diesel professionell ze héijen. Dee mécht ëmmerhin ronn 3/4 vun de Venten aus.

Kee Mënsch wéisst wéi den Effekt op d‘Ventë wäert sinn. Dofir géif een etappeweis virgoen, esou de Finanzminister. Dat als Erklärung firwat een „nëmmen“ 3-5 Cent eropgeet.

Eng Adaptatioun vun der Kilometerpauschal an dem Kilometergeld, wéi am Koalitiounsaccord annoncéiert, ass iwwerdeems vum Dësch. Och net nodeems den ëffentlechen Transport am Mäerz gratis gëtt.

Den Dan Kersch huet iwwerdeems betount, dass d’Regierung an der Klimafro op enger Linn ass a sech net wéi deels an der Press ugedeit, auserneebrénge gelooss huet.

Reaktioun OGBL

D’Regierung huet e Méindeg offiziell eng weider Hausse vun den Accisen op Bensin an Diesel annoncéiert. Den OGBL vermësst d’Annonce vu konkreten, soziale Kompensatiounsmesuren. Derbäi kënnt jo nach eng CO2-Steier, déi fir 2021 annoncéiert ass.

Den OGBL hëlt awer och fest, datt d’Regierung jo drop verzicht, fir un d’Kilometerpauschal fréckelen ze goen, u sech war dat am Regierungsaccord festgehale ginn.

Den OGBL hätt och léiwer e Steierkredit Mobilitéit amplaz wéi aktuell e Steier-Abattement fir d’Kilometeren op d’Aarbecht.

PDF: Pressecommuniqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO