Nächst Joer missten eng Millioun Tonne CO2 manner ausgestouss ginn wéi 2019, fir dass Lëtzebuerg seng Ziler fir d'Joer 2020 nach kann anhalen.

Dat erkläert den Energieminister Claude Turmes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

D'Emissioune pro Land ginn ënnert anerem op Basis vum Verkaf op der Pompel gerechent. Zu Lëtzebuerg mécht d'Vente vu Bensin an Diesel bal zwee Drëttel vun den Emissiounen, déi dem Grand-Duché ugerechent ginn, aus.

Fir d'CO2-Bilanz vum Land also ze verbesseren, wëll een elo dofir suergen, dass manner Sprit zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt.

D'Hausse vun den Accisen um Sprit lescht Joer hat wuel dofir gesuergt, dass d'Venten am Verglach zum Joer virdru liicht zeréckgaange sinn, ma dat géif wéi gesot net duergoen, fir déi gesaten Ziler 2020 anzehalen.