“Ee Sozial-Aarbechter, deen hei schaffe wëll, muss sech bewosst sinn, datt mir hei net mat ‘Réussite’ schaffen”, erkläert déi jonk Fra a betount, datt een nëmmen am Abrigado schaffe kann, wann een acceptéiert, Erfolleg aneschters ze definéieren.
“Et ass eng Reussite, wa si et hikréien, ee Pobeier rechtzäiteg ofzeginn, wann si op ee Rendez-vous eleng kënne goen an een Office Social oder bei een Dokter. Dat alles si Reussitten. Well wann een eng Kéier aus dem System eraus kënnt, fir do erëm eran ze kommen, dat ass ee Kampf, deen ee sech net virstelle kann”, sou déi 25 Joer jonk Fra.
Mir hunn d’Assistante sociale een Dag laang op hirer Schicht am Abrigado begleet, am Bureau, am Konsumraum, un der Kaffi-Théik an am Frae-Foyer Marga.
An der Serie “Mir, am Soziale” stinn déi am Fokus, déi deene Schwächste vun der Gesellschaft am Alldag Hëllef bidden. Et si Portraite vu Leit, déi sech do asetzen, wou anerer dacks ewechkucken. Een Abléck an d’Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter aus de verschiddenste Servicer a Strukturen am Land.
All Mëttwoch fannt dir een neie Reportage am Magazin, an op RTL Play