Et ass wuel dat, wat deene Meeschte vun eis am Alldag op de Wecker geet: Den Trafic. Ma d’Automobilisten, déi all Dag d’A7 benotzen, brauchen elo nach méi Gedold, wéi soss: Wéinst Problemer un der Ventilatioun ass bis op Weideres an den Tunnelle Grouft a Stafelter eng Spuer gespaart an d’Vitess op 70 erof gesat. Den Direkter vu Ponts et Chaussées Roland Fox erkläert firwat:
“Mir hunn dat gemeet, well mer wärend enger Maintenance festgestallt hunn, datt d’Ventilatioun onplanméisseg Verschläisserscheinungen hat. An dunn hu mer eng Risiko Evaluatioun gemeet, fir den nämmlechte Sécherheetsrisiko kënnen ze offréieren, wann et brennt.”
Aus Sécherheetsgrënn muss de Risiko fir een Accident permanent reduzéiert ginn: Deemno kéint een d’Aarbechten dann och net baussent de Stousszäiten, wéi zum Beispill an der Nuecht, maachen. Hätt een de Problem mat de Ventilatore kéinten antizipéieren? Dozou sot de Roland Fox dat hei:
“Dat, wat mer elo gesinn hunn, dat ass ee Phenomeen, dee mer net kannt hunn, an dat war an deem Sënn net virauszegesinn, mee well mer eeben all sechs Méint zweemol am Joer Maintenanceaarbechte maachen op den Tunnellen, wou all d’Ekipementer getest ginn, ass et eis dunn ebe fréi genuch opgefall.”
An dat wier dem Roland Fox no Gléck am Ongléck gewiescht. Et hätt een nämlech soss riskéiert, datt d’Tunnellen zu engem spéideren Zäitpunkt ganz hätte misste gespaart ginn. Wéi laang déi aktuell Mesuren elo esou bäibehale ginn, weess ee bei Ponts et Chaussées nach net:
“Mir mussen dat och bestellen, dat muss fabrizéiert ginn. Et ass esou, déi Elementer, déi hei mussen eng Revisioun kréien an eventuell mussen ersat ginn, dat si keng Standardelementer, déi ginn op Mooss gemaach an do muss d’Produktioun ulafen. Dat heescht, mir kënnen Iech momentan net soen, wéi laang datt et dauert.”
Gedold bleift also an der nächster Zäit op der A7 wuel net vu Muttwëll. D’Mesuren op der A7 bleiwen also elo mol op onbestëmmten Zäit bestoen. Vill Automobiliste sinn dovunner betraff: Ronn 27.000 Gefierer sinn all Dag op der Nordstrooss ënnerwee.