
A schonn ass en nees eriwwer, den Autofestival. De Paul Origer aus eiser Automag-Ekipp huet sech e bësse bei de Garagen ëmhéieren an de Bilan vun der Editioun 2026. Paul, du hues e bëssen de Bols bei de Garagiste gefillt, wéi ass de Festival 2026 fir déi meescht ausgefall?
Jo, tatsächlech hat ech mech bei e puer Marken ëmfrot an et ass nach ëmmer esou dat den Autosfestival säi Public unzitt. Zemools den éischte Weekend hat et gutt gefluppt – zum Beispill di grouss Multimarke-Concessioun zu Bartreng hat Samschdes a Sonndes iwwer 4.000 Entréeën gezielt. An och bei anere Garagë war den Undrang an den Interessi grouss. Allerdéngs war den zweete Weekend bei deenen engen d’Zuel e bëssen zeréckgaangen, bei deenen anere koumen d’Leit decidéiert zeréck an hunn ënnerschriwwen. Wat de Vendeuren dëst Joer opgefall ass, dat waren d’Clienten, déi scho gutt informéiert an der Concessioun ukomm sinn, esou dat net vill Berodung néideg war an et relativ séier zur Saach konnt goen. Deementspriechend rapid ass d’Zuel vu verkaaften Autoe geklommen.
Wéi gesäit et da mat de Kategorien aus? Ass do den SUV nach ëmmer de Spëtzereider?
Also wann een d’Showrooms ofklappt, ganz sécher. Quasi all Highlight koum aus dem C-Segment vun den SUV an do ronderëm hu sech ëmmer déi meescht Interessenten ugesammelt. Iwwerrascht war ech awer bei Skoda a Renault, wou d’Demande no klengen Autoen dëst Joer besonnesch héich war. A beim Noper Cupra hat de getarnte Prototyp vum neie klengen E-Modell Raval Hoffnung op een interessante Polo-Konkurrent gemaach. Fest steet: de Besoin un Autoen an engem Präissegment ënner 25.000 Euro ass gewuess. An do sinn och eng ganz Partie nei Modeller schonn do oder wéinstens ënnerwee. Wat awer och nach ëmmer gutt geet, dat sinn d’Luxusmarken an d’Sportsween. Bei Mercedes a bei Porsche ware se an deem Kontext mat hire Chifferen immens zefridden. Well wann do kaf gëtt, da gären an der ieweschter Präiskategorie.
Ass dann 2026 net och de Festival vum Elektroauto gewiescht?
Dat ass éischter ënnerschiddlech. Bei verschiddene Marke sinn u sech net esouvill Elektroautoe verkaf ginn, bei anere méi - mee ganz staark ofhängeg waren déi Decisiounen ëmmer vun de Leasing-Offeren. Well quasi keen keeft en E-Auto op eng aner Manéier.
Mech géing elo awer nach interesséieren, et gi jo ëmmer méi chineesesch Marken um Lëtzebuerger Autosmaart, wéi war dann hire Succès um Festival 2026?
Extreem héich. Bei BYD war zum Beispill de Showroom gutt besicht an d’Schreifdëscher ëmmer all besat an och bei de Verkeef ass et gutt virugaangen. Aner chineesesch Autosmarken haten och gudden Zoulaf, dacks houng et besonnesch bei den Elektromodeller awer um Finanzement, well et keng esou interessant Leasing-Offere gouf.
An och duerno bleift en online, eise speziellen Dossier fir den Autofestival, ze fanne wéi gewinnt op auto.rtl.lu.